Procaps Grupp S.A. elo op un der „Nasdaq Global Market“ notéiert
Arendt huet un enger de-SPAC-Transaktioun an der internationaler Gesondheetsbranche ënnert
Arendt huet un enger de-SPAC-Transaktioun an der internationaler Gesondheetsbranche ënnert
Um Internationalen Dag géint de Kriibs gëtt zu Lëtzebuerg d’Haaptaamierk
Ënnert dem Slogan „Une ville pour tous“ huet de Schäffen Patrick Goldschmidt (DP) am Kader vum City Breakfast, op d‘Sensibiliséierungswochen opmierksam gemaach, déi sech besonnesch un léit mat besonnesche Besoinen riicht. Dës Aktioun besteet schonn säit 5 Joer an erfreet sech grousser Zoustëmmung. Eng ausféierlech Broschüre begleet dës Aktioun a kann esouwuel op der Gemeng selwer, wéi op deene gewinnte Plazen ofgeholl ginn.
Dat ganzt ass den 2. Mee lassgaangen an et dierf och dorops higewise ginn dat ee Mount laang an der Galerie vum Groussen Theater eng Ausstellung mat Infostänn fir de gréissere Public ageriicht ass. Den offiziellen Deel start dëse Samschdeg mat enger Inclusiounsgala, woubäi hei berécksiichtegt muss ginn dat wuel den Entrée fräi ass, déi Interesséiert musse sech awer beim Service „Foire & Marchés“ umellen. Dat aus guddem Grond, et gëtt eppes z‘Iessen an ze Drénken.
De Sujet „Inclusioun“ ass dann och beim alljäerlechen ING Night Marathon en Thema. Wuel war et net méiglech de Léit mat engem Rollstull eng Undeelnam um eigentleche Circuit ze erméigleche, wat sech allerdéngs duerch d‘Topographie erkläert. Ee Problem, eng Léisung. Sou ass kuerzerhand entscheet ginn um Glacis ee Parcours mat enger Distanz vun 4.800 Meter anzeriichten. D‘Sportler déi sech hei wëlle bedeelegen, kënne sech op der selwechter Säit wéi d‘Leefer vum Marathon umellen. En nodréiglech Analyse soll dann doriwwer entscheeden op des Iddi weidergefouert gëtt oder net.
Fir „Handbikes“ ass et leider net méiglech deel ze huelen, well dës Sportsmaschinnen dem Vëlo gläich gestallt sinn. D‘Lydie Polfer well awer fir dës Sportler mat „Service des sports“ préiwen ob a wei sech en Event organiséiere léisst. Dat an Zesummenaarbecht mat der Equipe Handisport vum „Luxembourg Paralympic Committee“
Am Kader vun den Gemengewahlen am September erënnert de Patrick Goldschmidt och dorunner, datt „Inclusioun“ och bedeit de Bierger mat engem Migratiounshannergrond eng Bedeelegung un dëse Walen net nëmmen ze erméiglechen, méi se och ze invéiteren dorunner Deel zu huelen. Zum 1. Januar 2017 hate sech 4.263 ageschriwwen an trotz Reklamm an Informatioun iwwert all Parteien eraus waren et der op den 28. Abrëll nach ëmmer nëmmen 5.512.
Dat ass eng bedenklech Situatioun sou de Schäffen, well d‘Haaptstad zielt eegenen Informatioune no ronn 40.000 Persounen déi ee Recht hunn, wann se sech an d‘Wielerlëschten aschreiwe, un de Gemengewahlen deel ze huelen. Fir dës Persoune ass dann och extra den 13. Mee an den 1. Juli de Biergerzenter op.
Do wieren nieft dem Oktavmäertchen deen vum 6. bis den 21.Mee um Knuedler statt fënnt och eng Visite guidée uechter d‘Parkanlagen vun der Stad an Zesummenaarbecht mat „natur & ëmwelt“, dat schonns dëse Samschdeg 6.Mee. D‘Saison vun „Konscht am Gronn“ start dann ee Sonndeg den 7. Mee an den 11. Mee féiert Lëtzebuerg den 150.Anniversaire vum Londoner Vertrag. Wéinst dem Oktavmäertchen schléit de Wochemaart seng Zelter op der Clairefontainesplaz op.