Search

You may also like

US-Vergeltungsschlag géint d‘Hezbollah
Kultur Neiegkeeten

US-Vergeltungsschlag géint d‘Hezbollah

Nom Doud vun engem amerikaneschen Zivilist beim engem Rakéitenugrëff op

Kenns du eis Planzen a Blumme gutt genuch, fir dech an dësem Quiz behaapten ze kënnen?
Kultur Neiegkeeten

Kenns du eis Planzen a Blumme gutt genuch, fir dech an dësem Quiz behaapten ze kënnen?

[onionbuzz quiz-id=167][/onionbuzz] Et gëtt gäre vergiess, mee mir hunn am

16 Affer no Amoklaf a Kanada
Kultur Neiegkeeten

16 Affer no Amoklaf a Kanada

Den Amokleefer, en Zänndokter vun 51 Joer, konnt um Sonndegnomëtte

Neies vum Bichergeck: Eng Tut fir Halloween

Neies vum Bichergeck: Eng Tut fir Halloween

Den 31ten Oktober ass Halloween. Dësen Dag huet an de leschte Joeren zu Lëtzebuerg u Bedeitung gewonnen – et gi Party’en, Kanner an Erwuessener ginn op den Tour, et begéint een Hexen, Zombien, Astronauten, Vampirer, Mumien an aner grujeleg Gestalten.

Mëttlerweil ass et och hei am Land üblech, dass d’Kanner vun Haus zu Haus ginn, an Séisses froen – soss gëtt et Saueres!

Ganz éierlech? Séisses schneeken ech am léifsten mat engem gudde Buch am Grapp! Dofir ass d’Motto vun der Oktober-Tut Halloween – ech fannen, et gi ganz vill Méiglechkeeten dat ëmzesetzen.

Halloween

Wann een e bëssen driwwer nodenkt, fënnt een a ville Bicher ee Maufel Halloween. An Thrilleren ass et dee geckege Mäerder, an der Science-Fiction ass et den Astronaut oder een Ausserierdeschen, a Fantasygeschichten kënnen dat Hexen, Elfen oder Zauberer sinn.

Déi traditionell Halloweensfaarwen sinn orange a schwaarz – esou wäerten Tute verpak ginn – natierlech mat passende Gadgets.

Bei der Bestellung wier et villäischt gutt, mir ze soen, wéiee Genre Buch Dir léiwer an Ärer Tut hätt – ausser Dir wëllt Iech komplett iwwerasche loossen!

Ech wënschen Iech vill Spaass a flott Gruselen …

Related topics Bicher, de Bichergeck, Halloween, Second Hand
Next post Previous post