Search

You may also like

Babysitter Léiergang 2020
Neiegkeeten

Babysitter Léiergang 2020

Am Laf vum Mount Oktober, huet d‘Gemeng Schëffleng an enker

Sir Tom Moore: Ritterschlag no Rollator-Weltrekord a Spendenaktioun
Neiegkeeten

Sir Tom Moore: Ritterschlag no Rollator-Weltrekord a Spendenaktioun

Eigentlech wollt de britesche Krichsveteran fir säin 100. Gebuertsdag „just“

money
D‘Regierung mécht wat méiglech ass
Neiegkeeten

D‘Regierung mécht wat méiglech ass

E Freideg huet d‘Regierung nei Hëllefsmoossnamen annoncéiert, an dës Nouvelle

Et gëtt nach ëmmer op eng Vertriedung vun de Salariéeë gewaart

Erneierung vun de Verwaltungsréit vun den ëffentleche Fuerschungszenter

Et gëtt nach ëmmer op eng Vertriedung vun de Salariéeë gewaart

Enn leschter Woch huet de Ministère fir Héichschoulen an Fuerschung d‘Nominéierung vun de Membere vun den dräi ëffentleche Fuerschungszenter (CRP) – LIG, LISER a LIST -bekannt ginn. Déi nei Memberen si fir 5 Joer (1. Januar 2020 -31.Dezember 2024) ernannt.

D‘Gewerkschaft Educatioun a Wëssenschaft (SEW) vum OGBL, wëll déi Administrateuren, wéi och all deene wou nach emol ernannt goufen, felicitéieren. Den OGBL erhofft sech eng gutt Zesummenaarbecht am Interessi vun der ëffentlecher Fuerschung an dem Ensembel vu de Salariéeën aus dem Secteur.

Beim OGBL ass een allerdéngs verwonnert, datt de Minister fir Héichschoulen a Fuerschung, Claude Meisch (DP) dës integral Erneierung net genotzt huet, fir d‘Zesummestellung vun de Verwaltungsréit vun den CRP, un d‘Kompositioun vum Gouvernance-Rot vun der Universitéit zu Lëtzebuerg unzepassen.

Tatsächlech – a schonn zanter Dezember 2018 – siegéiert d‘Presidentin vun der Personaldelegatioun vum Personal vun der Universitéit mat vollem Stëmmrecht an dësem Gouvernance-Rot, zesumme mat zwee weidere Personalvertrieder, déi vum Universitéit-Rot ernannt ginn. Dës Tatsaach gëtt global positiv an der Universitéit ugeholl an de Beitrag deen d‘Personalvertrieder bei den Deliberatioune vum Gouvernance-Rot leeschten, gëtt vun dësem och als Plus-value betruecht.

Während enger Entrevue mam Departement „Héichschoul a Fuerschung“ vum SEW/OGBL den 28. Februar 2019, hat et säitens dem Minister Claude Meisch keng Unzeeche ginn, datt ee géint eng Bedeelegung vun de Personaldelegatiounspresidente vun den dräi ëffentleche Fuerschungszenter, mat Stëmmrecht bei de Versammlunge vum Verwaltungsrot wier an d‘Gesetz vum 3. Dezember 2014 betreffend déi ëffentlech Fuerschungszenter zu engem bestëmmten Zäitpunkt modifizéiert sollt ginn.

De SEW/OGBL huet sech den 23. Oktober 2019 mat engem Bréif un de Minister gewannt, fir him ze proposéieren, d‘Geleeënheet vun der integraler Erneierung vun de Verwaltungsréit ze notzen, fir dës punktuell Modifikatioun ëmzesetzen an esou d‘Personaldelegatiounspresidente mat vollem Stëmmrecht, direkt Mandatsuntrëtt vun dëse Verwaltungsréit ze integréieren. Op dëse Bréif gouf et bis haut keng Äntwert.

An dësem Kontext muss dierf drun erënnert ginn, datt et fir Aktiëgesellschaften, un deenen de Staat mat mindestens 25% bedeelegt ass, oder déi eng staatlech Konzessioun hunn, een Drëttel vun den Administrateure d‘Personal representéiere mussen. D‘Bedeelegung vun de Personaldelegatiounspresidente mat Stëmmrecht soll een dann och als en éischte Schratt a Richtung vun enger Gläichbehandlung tëscht dësem Typ vu Gesellschaften, déi vun der ëffentlecher Hand finanzéiert ginn awer d‘Personal no Privatrecht beschäftegen.

De SEW/OGBL widderhëlt an der Konsequenz seng Fuerderung et verlaangt datt déi Diskriminatioun vun de Beschäftegten an den ëffentleche Fuerschungszenter, déi sech ouni Vertrieder am Entscheedungsorgan vun hirem Institut, muss ophalen. Gefuerdert gëtt och d‘Modifikatioun vum Gesetz vum 3. Dezember 2014 wei virgeschloe virzehuelen. An dat net eréischt um Enn vum Mandat vun de Verwaltungsréit déi den 1. Januar 2020 hiert Mandat iwwerhuelen, mee an engem kuerzen Delai.

Matgedeelt vun der Gewerkschaft Educatioun a Wëssenschaft (SEW) vum OGBL; fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Gerd Altmann / Pixabay

Related topics Claude Meisch, LIH, LISER, LIST, SEW-OGBL, Verwaltungsrot
Next post Previous post