Wat wär eng Welt ouni Bicher?

Eng Welt ouni Bicher wär eidel. Ouni Faarwen, ouni Dreem, Hoffnungen an ënnerschiddleche Meenungen.

Et ass scho bal onvirstellbar, wann e bedenkt, datt et am Joer 1933 tatsächlech zu enger Bicherverbrennung op verschiddene Plazen (op Universitéitsplaze) komm ass. D’Bicher goufe vu Studente verbrannt, fir datt d’Mënschen nach méi Angscht virun den Nazien hunn. Et war net ze toléieren, datt an de Bicher aner Meenungen drastoungen.

All Joer, den 10. Mee gëtt un dëst schlëmme Verbriechen geduecht, et däerf net vergiess ginn. Mat der Meenungsfräiheet ass deen Dag och d’Kultur gestuerwen. Bicher vum Karl Marx, Stefan Zweig, Sigmund Freud, Bertolt Brecht a vum Erich Kästner, deen sech d’Verbrennung perséinlech ugekuckt huet, sinn dem Feier zum Affer gefall.

Et goufe schwaarz Lëschten erstallt, Schrëftsteller denunzéiert, si kruten souguer verbueden ze schreiwen. Wéi vill Wierker a Schrëftsteller vun dësem Verbrieche betraff waren, léisst sech haut net méi genau soen. Och Bibliothéiken a Bicherbutteker hunn sech un dëser onmënschlecher Verfollegung bedeelegt. Dofir si méi wéi 2000 Schrëftsteller*innen an d’Exil geflücht, den Stefan Zweig ass ee vun den Auteuren, deen sech sech d’Liewe geholl huet. Anerer goufe verhaft, gefoltert an a Konzentratiounslager ëmbruecht.

Dat däerf ni méi passéieren!

Och wann et net mat der Realitéit ze vergläichen ass – dem Ray Bradbury seng fiktiv Dystopie Fahrenheit 351 huet och eng d’Bicherverbrennung zum Thema.

D’Geschicht handelt vun enger Gesellschaft an deem d’Pompjeesmänner eng ongewéinlech Aufgab hunn – aplaz Feier ze läschen, verbrennen si Bicher. Fir d’Mënsche sinn se nämlech geféierlech. Sech Wëssen uléieren ass verbueden a gëtt bestrooft. De Guy Montag mécht seng Aarbecht ouni se ze hannerfroen, sou wéi vill anerer. Och d’Bierger sinn duerch de Fernsee an de Radio stomp ginn, dës Verbrennungen interesséiere keen. An da léiert de Guy dat jonkt Clarisse kennen, hatt stellt him gescheite Froen a mécht him domat eng Dier an eng aner Welt op.

Ewéi seng Fra probéiert sech d’Liewen ze huelen an d’Clarisse verschwënnt, fänkt de Guy un de System ze hannerfroen.

Wat stécht dohannert? Ass de System an deem e lieft wierklech richteg? Oder ginn se just kontrolléiert? Wat kann hie maachen? Dëst Buch ass e Klassiker, den Auteur Ray Bradbury huet et well am Joer 1953 geschriwwen. Jo, Wëssen ass Muecht! Villes am Buch erkennt een an eiser Gesellschaft erëm. An dat ass eng batter Pëll …

Meenungen däerfen net ënnerdréckt ginn, mir solle virwëtzeg sinn an eis weiderbilden. Saachen hannerfroen an net einfach akzeptéieren, well et déi einfach Léisung ass.

Do freet e sech: Wéi gesäit eis Zukunft aus? Hoffentlech kréie mir eis Gedanken ni méi verbueden! An hoffentlech hunn mir aus der Geschicht geléiert. Aus der realer, ma och aus der fiktiver.

Dernières nouvelles