Search

You may also like

Ass Waasser um Mound? Kommt mir gi kucken!
Kultur Neiegkeeten

Ass Waasser um Mound? Kommt mir gi kucken!

Der Regierung hire Spacemining-Projet, deen am leschte Joer leider e

Petitioun géint Mobilfunknetz 5G (e Kommentar)
Kultur Neiegkeeten

Petitioun géint Mobilfunknetz 5G (e Kommentar)

Iwwer Sënn an Onsënn vu Petitioune kann ee streiden, mee

Vereedegung vun engem Offizéier bei der Lëtzebuerger Arméi
Kultur Neiegkeeten

Vereedegung vun engem Offizéier bei der Lëtzebuerger Arméi

Gëschter ass net nëmmen den neie Stabchef vun der Lëtzebuerger

Eng Woch fir Sträichinstrumenter

Am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg vum 26. bis 30 Mäerz

Eng Woch fir Sträichinstrumenter

Eng ganz Woch laang stinn d‘Sträichinstrumenter am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg am Mëttelpunkt. D‘Woch vun de Sträichinstrumenter ass e wichtegen Ament beim Apprentissage an dem Partage, esouwuel fir d‘Schüler wéi fir d‘Enseignanten, mee natierlech och fir d‘Invitéeën an d‘Auditeuren, am Kader vun hirer gemeinsamer Passioun fir d‘Sträichinstrumenter an d‘Musek am grousse Ganzen.

Hei ginn déi véier Famillje vun de geriwwene Säiten – Géi, Alto, Cello a Kontrabass – zesummegefouert. Den Departement vun de Sträichinstrumenter vum Stater Conservatoire investéiert sech besonnesch an d‘Praxis vun Orchester an Ensembelen. En ass zudeem unerkannt fir seng Qualitéit an Dynamik, dat duerch e sëlleche Projeten: „Master Klassen“ an Begéinunge mat ageluedenen Artisten, reegelméisseg Concerten, Stagen an Zesummenaarbecht mam OPL en dem OCL, déi de Studenten esou eng eemoleg a räich Erfarung bidden.

Um Programm vun dëse fënnef Deeg: Concerten, Solo-Concerte, Konferenzen an natierlech och „Master Klassen“ mam Laurent Breuninger, Marie Hallynck a Garth Knox. En Improvisatioun-Atelier mam André Mergentahler, eng Initiatioun am „Barock“ mam Sylvie Kraus a Werner Matzke, esou wéi an Atelier fir d‘Instrumenter hierzestellen, gëtt am Espace Ouvert vun der Associatioun Colofin ugebueden.

Informatiounen an d‘Detailer zu de Concerten a Konferenze fannt dir ënner www.conservatoire.lu – Den Entrée ass wéi ëmmer fräi

Related topics Concerten, Conservatoire, Konferenzen, Stad Lëtzebuerg, Sträichinstrumenter
Next post Previous post