Search

You may also like

Den oppene Bréif un d‘Ambassade vun den USA a Russland
Meenung

Den oppene Bréif un d‘Ambassade vun den USA a Russland

Nodeems et zu Lëtzebuerg no enger (laanger) Paus nees zu

Brasilianesch Impfstrategie geet sech net op
Meenung

Brasilianesch Impfstrategie geet sech net op

Ëmmer méi Leit infizéieren sech, a folgerichteg stierwen och ëmmer

Träntelmaart um Glacis
Meenung

Träntelmaart um Glacis

De Sonndeg, de 4. Juli fënnt e risegen Träntelmaart ënnert

Eng Zockersteier fir Lëtzebuerg?

Eng Zockersteier fir Lëtzebuerg?

De Gedanke vun enger Zockersteier ass net nei. Datt d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch déi elo zu Lëtzebuerg wëll aféieren, muss een allerdéngs ënner differenzéierte Gesiichtspunkte betruechten.

Richteg ass, datt mer alleguerte wéi mer do sinn, emol ze vill Zocker ageheien. Ugefaange beim Gedrénks. An datt gëllt esouguer fir all déi, déi sech streng geholl just un de Béier halen. Den Zocker ass omnipräsent, a wann ee sech op de Kapp stellt, e verstoppt sech an allem.

Nu gutt, d‘Ministesch wëll, wei et och an anere Länner de Fall ass, hei déi presuméiert gréissten „Zockerdealer“ treffen. Firwat do ëmmer direkt un d‘Gedrénksindustrie geduecht gëtt, nujee se sinn eng einfach Zilscheif. Et ass ee bëssche wéi mam Diesel, alles bläert VW an mengt bei FIAT oder Peugeot (fir nëmmen déi ze nennen) wier et besser.

Also dem Mënsch verständlech maachen, datt manner Zocker méi Gesondheet ass, dofir brauch et keng Steier. Steieren dinn eenzeg an eleng dem Konsument wéi, an do wéi esou oft, besonnesch deem wou um Enn vum Mount méi Deeg iwwreg bleiwe wéi Geld am Portmonnie.

Zudeem fannen ech et eng Bosseg, ee puer Deeg iert d‘Fouer opgeet, vun enger Steier ze braddelen, déi grad hei ee net grad klengen Impakt huet. Wéi héich soll dann eleng d‘Steier bei der Zockerwatt ausfalen? Ëmmerhi besteet dëst Geschir nëmmen aus… eben Zocker. A wéi ass et mat de gebrannte Mandelen, mam Nougat?

Erlaabt och drun ze erënneren, datt all Vinaigrette déi ee fäerdeg ze kafe kritt, esouvill Zocker enthält, datt se eben och esou schmaacht, wéi se ebe schmaacht. An ech wëll nach net emol vum Brout, der Baguette oder dem Bréitche schwätzen.

Natierlech ass Manner méi, mee dat hunn ech ewell gesot. Ech hunn och kee Problem domadder, datt een de Leit ee gudde Rot gëtt. Ech hunn awer e Problem domadder wann een de Leit an d‘Täsch gräift, mam Virwand der Liewensmëttelindustrie wëllen den Dicks ze béien.

Eng Zockersteier ass keng „win-win“ Léisung fir de Konsument. D‘Zockersteier ass eng Gelddréckmaschinn fir de Staat. De Pol verzicht dowéinst net op seng Kola wann et him duerno ass. D‘Margréit geet och trotz der Zockersteier, mat der Frëndin bei Namur‘s säi Kichelche maufelen, wann et hin duerno ass.

Also, léif Madamm Minister, bei allem Versteesdemech a Wëssen, datt mer emol ze vill Zocker an eis erastiechen, dat mat der Steier ass de falsche Wee. An Opklärung schéngt anscheinend net ze wierken.

Et ass wéi mam Fëmmen, ufänken ass esou einfach an domadder ophalen esou schwéier. Drénke mer de Kaffi schwaarz an ouni Zocker? Dat maachen déi mannst. Ville glëschteregt dobäi esouguer nach no enger Zigarett. An do sief iech gesot, egal wat der op de Pak pätscht, wien et wëll, dee Blutt aus dem Portmonnie, a fëmmt awer weider.

D‘Zockersteier, ass kee Schutz fir de Bierger, deen ass dat schwächste Glidd an der Kett. Der zwéngt déi wou souwisou kee Sou hunn, nach méi bëllege Knascht anzegeheien. No deem Gedanken deen dir hutt, muss et eng Steier op Transfetter a Salz ginn. Awer OGM‘en um Teller dat ass dann nees Ok, oder wéi?

Related topics Liewensmettel, Lydia Mutsch, Steieren, Zocker
Next post Previous post