Search

You may also like

Coronavirus: Bréissel op der Sich no „eenheetlecher“ Léisung
Neiegkeeten

Coronavirus: Bréissel op der Sich no „eenheetlecher“ Léisung

Nodeems wéinst der Verbreedung vum Coronavirus Covid19 eng Partie Länner

25 Joer Téi vum Séi: Déi regional Erfollegsgeschicht geet weider!
Neiegkeeten

25 Joer Téi vum Séi: Déi regional Erfollegsgeschicht geet weider!

Wat vun Doheem kënnt, dat schmaacht nach ëmmer am Beschten!

Wann ee sech kenger Schold bewosst ass (Kommentar)
Neiegkeeten

Wann ee sech kenger Schold bewosst ass (Kommentar)

Et ass eng bosseg Situatioun an och méi generell dierft

De Frank Engel wiesselt den Horizont

Ha hien et iwwerdriwwen oder brauch d‘CSV fir en Neistart einfach Leit mat Charisma?

De Frank Engel wiesselt den Horizont

Tëscht der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei an dem Frank Engel huet emol ze vill Schierbele ginn, wéi datt et loune géif, déi nach emol zesummenzepechen. D‘Well vu de géigesäitege Scholdzouweisungen ass wuel ofgeflaacht, mee de politesche Konsens mat senge „Gläichen“ ass wuel net mat enger gemeinsamer Zukunft ze vereenbaren.

Elo wëll de fréiere Parteipresident an EU-Deputéierte senger politescher Famill dann endgülteg de Réck zouwennen, esou wéi hien dat och schon den 9. Abrëll op der Antenn vun RTL duerchblécke gelooss hat. An engem Interview mat engem Mediahuis/Wort Journalist, huet de Frank Engel elo erkläert nach dës Woch seng Parteikaart ofzeginn. Wat sinn dann elo seng nei Ziler, no der CSV?

Et ass jo wuel net esou, datt dem Frank Engel déi politesch Ambitiounen ausgaange wieren. Et huet och schonn Uspillungen op d‘Grënnung vun enger neier Partei ginn, wat awer – zumindest aktuell – keen Diskussiounsgéigestand méi ze si schéngt. Fir d‘Partei dogéint kéint et esou kuerz virum CSV-Kongress de Virdeel hunn, datt endlech nees eppes méi roueg Gewässer kënnen ugesteiert ginn.

Ass d‘Kaz aus dem Haus danzen d‘Mais op den Dëscher

Elo ass et net esou, datt de Frank Engel keng politesch Qualitéiten Opweises hätt, de Géigendeel trëfft do éischter zou. Op där aner Säit ass hien och en Individualist, Mannschaftsgeescht ass net wierklech senges. Wann een och bis dru gewinnt ass den Toun unzeginn, kann engem do eppes verluer goen. Steet d‘Fro am Raum ob hien erauskomplimentéiert gouf, oder et eegene Wëllen ass.

Richteg ass och, datt déi verschidden Interventiounen aus der Seniore-Fraktioun, keng wierklech Hëllef waren. Dat trëfft niewebäi och op d‘Ausso zou, datt d‘Fraktioun elo géif d‘Partei wëllen iwwerhuelen, wat net ganz vun der Hand ze weisen ass. Dat ze verklären hëlleft awer kengem, well den Neistart vun der Vollekspartei, am national- a kommunalpolitesche Sënn, muss vu hei kommen.

Et muss een de Won aus dem Dreck zéien

Loscht d‘Verantwortung ze iwwerhuelen huet den Deputéierte Claude Wiseler. Hie bréngt jiddefalls déi beschte Viraussetzunge mat, bannent der Partei fir ee generatiounsiwwergräifende Konsens ze erméiglechen. Deen ass imminent wichteg, wann ee bedenkt datt schon 2023 déi nächst Walen op eis waarden, an d‘CSV no 2 Legislatiounsperioden nees a Regierungsverantwortung ze bréngen.

Stellt dann awer méi allgemeng d‘Fro, wéi se bei der CSV déi Jonk fir sech gewanne wëllen, déi jo och en eegene Kapp a Fuerderungen hunn? Dat ass wuel ee Problem dee bekannt ass, an och déi mussen sech am Walprogramm erëmerkennen. Dee Problem awer muss d‘Partei als „Famill“ – déi per Definitioun och intergenerationell ass – léisen, andeem Jonker méi Verantwortung iwwerhuelen.

Illustratioun: Hannert dem Horizont geet et weider… © Joshua Earle / unsplash

Related topics Austrëtt, Claude Wiseler, CSV, CSV-Fraktioun, CSV-Kongress, Erneierung, Frank Engel
Next post Previous post