Search

You may also like

Editorial: Sécherheetspolitik oder politesch Sécherheet?
Meenung Neiegkeeten Sport

Editorial: Sécherheetspolitik oder politesch Sécherheet?

Nodeems den interministerielle Rapport zu Lag vun der Drogekriminalitéit dann

Facebook leet sech mam australesche Legislateur un
Meenung Neiegkeeten Sport

Facebook leet sech mam australesche Legislateur un

Dee fir Australien zoustännege Facebook-Manager William Easton, weist drop hinn,

Wat soll een als jonke politesche Mënsch maache, wann déi eege Partei bei de Wahle verléiert?
Meenung Neiegkeeten Sport

Wat soll een als jonke politesche Mënsch maache, wann déi eege Partei bei de Wahle verléiert?

No de Bundestagswahlen an Däitschland an de Gemengewahlen hei am

Editorial: Wa se engem d‘Flemm andreiwen

Editorial: Wa se engem d‘Flemm andreiwen

Fussball sollt eigentlech – schliisslech gëllt deen als déi weltwäit populäerst Sportaart – Spaass maachen. Wat engem awer e Sonndeg zu Péiteng bei der Renconter tëscht Péiteng a der Fola am Coupe-Match nees ofgelaf ass, mécht keng Loscht op „méi“. No enger krätzeger (anescht léisst et sech net ëmschreiwen) Attack vum Veldin Muharemovic (Péiteng) op den Artur Abreu (Fola), ass nees alles aus dem Rudder gelaf.

Op den Arbitter statt der gieler, déi rout Kaart hätt missen zécken ass irrelevant, ugesiichts den zwee Trainer, déi sech beispillhaft dernieft beholl hunn. Datt den Trainer vun der Fola, Jeff Strasser, seng Emotiounen net an der Gitt hale konnt an de Coach vu Péiteng, Carlos Fangueiro, seng Adjointen net kontrolléiere konnt ass einfach traureg. Dat dommt Gejäiz an déi rassistesch Äusserunge vun ee puer Supporter (aus béide Lager) iwwregens och.

Elo ass dëse Beholl keen Eenzelfall an eigentlech misst esou eppes Konsequenzen hunn. Oder soll dat als Beispill fir Jonker duerhalen, deenen een eigentlech de Fair-play an de manéierlechen Ëmgang mam Géigner bäibrénge wëll? Wann een dann och nach vum „Virbild“ Rodrigue Dikaba (Fola) erkläert kritt, datt esou „kleng Ausenanersetzungen de Charme vun der Coupe ausmaachen“, freet sech op een dat wëll ënnerstëtzen.

Wien sech elo denkt: dat misst dach bei der FLF en Nospill hunn, huet nëmme partiell Recht. Wann iwwerhaapt, dat gëtt et nieft enger Geldstrof nach e „béise Fanger“. Dobäi sollt et generell fir däraarteg Verstéiss wiesentlech méi haart Strofe ginn. Et sief, och bei der FLF ass een iwwerzeegt, datt dat eng „pedagogesch Plus-value“ besonnesch fir déi jonk Fussballspiller representéiert. Mir gesinn datt awer eppes anescht.

Fussball ass eng Sportaart déi vill Emotioune mat sech bréngt an zuweile gäre genotzt gëtt, am besonnesche vun de sougenannten „Ultra“, fir sech de gesellschaftleche Frust aus de Longen ze jäizen, wat duerchaus och vill Gewaltbereetschaft verbiergt. Datt sollt un a fir sech schlëmm genuch sinn, firwat déi Verantwortlech vun de Veräiner an de Staff eigentlech sollte virbildlech sinn. Sinn se dat net, gehéieren se net op den Terrain.

Illustratioun: Dmitry Abramov / Pixabay

Related topics Coupe de Luxembourg, Editorial, FLF, Fola, Fussball, Union Péiteng
Next post Previous post