Search

You may also like

money
Black Panther knackt den Jackpot bei senger Sortie an den USA
International Neiegkeeten

Black Panther knackt den Jackpot bei senger Sortie an den USA

De Super-Held „Black Panther“ huet all Pronostic iwwertraff, a gräift

Extremsummer 2019: Dräi Hëtztwellen, Reendefizit an een Tornado
International Neiegkeeten

Extremsummer 2019: Dräi Hëtztwellen, Reendefizit an een Tornado

Pünktlech zum Ofschloss vum meteorologesche Summer 2019 verëffentlecht de staatleche

#BlackLivesMatter: Demonstratioun virun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

#BlackLivesMatter: Demonstratioun virun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg

Mam Dout vum George Floyd ass d’Roserei iwwer Diskriminéierung a

England muss d‘Decken iwwert de Kapp zéien

Schottland huet och net wëlles d‘Lag weider eskaléieren ze loossen an geet an de Confinement

England muss d‘Decken iwwert de Kapp zéien

Dat war wuel net d‘Noriicht op déi d‘Englänner dierfte gewaart hunn, mee wien eenegermoosse bei Verstand ass, wousst sech unhand den Zuelen ze orientéieren. An esou huet de brittesche Premier Boris Johnson dann och gëschter Owend seng Landsleit nees an den Totale Lockdown geschéckt.

Ugesiichts der reegelrechter Infektiounsexplosioun huet dee Mann, deen nach viru wéinegen Deeg déi nei gewonne Fräiheet vun der EU politesch genoss huet, missen erklären: „Mir mussen an der Konsequenz zu engem nationale Lockdown iwwergoen, fir dës Covid19-Variant an de Grëff ze kréien. (…) Dat bedeit, dat dës Regierung iech op en Neits unuerdent doheem ze bleiwen“.

Dëse Confinement soll d‘Kopie vum Lockdown aus dem Fréijoer 2020 sinn a viraussiichtlech bis Mëtt-Februar gelten. Dat gesäit esou och déi schottesch Premierministesch Nicola Sturgeon. Och si huet ee Méindeg hire Leit ugekënnegt, datt et nees ee Confinement wéi am Fréijoer 2020 muss ginn an datt dësen ab Mëtternuecht a Kraaft trëtt. Wales an Nordirland wäerten sech wuel uschléissen.

mat indymedia/lon

Related topics Boris Johnson, Confinement, Covid19-Variant, Groussbritannien, Impfung, Lockdown
Next post Previous post