Search

You may also like

De pure Live-Genoss: Eng gelonge Première vum Culture Forest Festival
International Neiegkeeten

De pure Live-Genoss: Eng gelonge Première vum Culture Forest Festival

Mam Culture Forest Festival huet d’Stad Esch-Uelzecht net nëmmen e

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch
International Neiegkeeten

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch

Bei der Caritas ASBL ass ee mam Gesetzprojet, deen aus

Mars: riskant Landemanöver fir NASA-Sond InSight
International Neiegkeeten

Mars: riskant Landemanöver fir NASA-Sond InSight

Siwe Joer Aarbecht, siwe Méint Rees duerch de Weltraum, an

Ënnerdréckung vun den Uiguren: Soll d‘EU méi Drock op China maachen?

Europaparlament fuerdert vum Europarot, Sanktioune géint chinesesch Fonctionnaire ze verhänken

Ënnerdréckung vun den Uiguren: Soll d‘EU méi Drock op China maachen?

Zu Stroossbuerg hunn sech d‘EU-Deputéiert op eng Resolutioun gëeenegt, mat där gefuerdert gëtt, datt d‘EU méi Drock op China soll maache fir d‘Ënnerdréckung vun den Uiguren ze stoppen. Nieft de Sanktioune géint Beamten, sollen och Verméigenswäerter vun dëse Beamten an der EU agefruer ginn. D‘Parlament huet Peking zudeem opgeruff déi „Ëmerzéiungslager“ direkt zouzemaachen.

An d‘Resolutioun verlaangt dann och vun der chinesescher Regierung, onofhängege Journalisten an internationalen Observateuren Zougang zur Provënz Xinjiang ze gewähren. Am Europaparlament geet een dovunner aus, datt am Weste vu China honnertdausenden Uiguren a Lager agespaart ginn, déi vun de chineseschen Autoritéiten als „Fortbildungszenter“ bezeechent ginn.

Uiguren

Fir Gewalt an Terror vu Moslemen ze verhënneren, erwaarden sech d‘Autoritéite vun de Bierger entspriechend Hiweiser. Op esou Panneauen, déi a ville Garen opgestallt sinn, ginn d‘Leit opgeruff Mënsche bei der Police ze mellen, déi esou Zeechen op sech droen. (via Twitter)

E Mëttwoch hat d‘Europaparlament der Duechter vum chinesech-uigureschen Intellektuellen Ilham Tohti, de Sacharow-Präis iwwerreecht. D‘Uigure sinn ethnesch mat den Tierke verwannt a fillen sech vun der ethnescher Majoritéit vun den Han-Chinesen ënnerdréckt. No der Revolutioun 1949, haten d‘Kommunisten sech Ostturkestan ënnert den Nol gerappt an der Volleksrepublik averleift.

Wéi et sech auswierkt, wann ee Peking de Spigel virhält a Kritik um Ëmgang mat den Uiguren zum Ausdrock bréngt, dat huet de fréiere däitsche Fussballspiller Mesut Özil „digital“ ze spiere kritt. Hien dierf a China net méi an der digitaler Versioun vun „Pro Evolution Soccer“ vum japaneschen Hierstelle Konami „oplafen“. NetEase begrënnt dat mat den extremen Aussoen zu China vum Özil.

Uiguren

De Mesut Özil, deen aktuell fir Arsenal (Premier League) spillt hat d‘Lescht Woch d‘Verfolgung vun den Uiguren ugeprangert an d‘Schweige vun de moslemesche Länner denoncéiert. Chinesesch Medien hunn sech doropshin op de Fussballspiller „ageschoss“. Dat ass esouwäit gaangen, datt och de Staatssender CCTV d‘Live-Iwwerdroung vum Spill Arsenal – Manchester annuléiert huet.

Wat d‘Fuerderung vum EU-Parlament betrëfft, esou dierft déi wéineg Aussiicht op Ausféierung hunn. Vill EU-Länner ënnerhale ganz enk wirtschaftlech Bezéiunge mat Peking (Stéchwuert: Nei Seidestrooss) an déi dierfte wéineg Interessi u Gestreits mat de Chinesen hunn. Dozou gehéiert och Lëtzebuerg, dat zanter Jore beméit ass, chinesesch Investisseuren an Entreprisen unzelackelen.

mat indymedia/sxb

Foto: Den Ilham Tohti huet fir säin onermiddlechen Asaz fir d‘Rechter vun den Uiguren a China de Sacharow-Präis erhalen. Hin ass a China zu liewenslaanger Haft veruerteelt ginn. D‘EU-Parlament fuerdert seng Fräiloossung. © Katarina Barley (via Twitter)

Related topics China, Ëmerzéiungslager, EU-Parlament, Resolutioun, Sanktiounen, Uiguren, Xinjiang
Next post Previous post