Search

You may also like

D‘POST Lëtzebuerg kämpft sech duerch d‘Päck
International Neiegkeeten

D‘POST Lëtzebuerg kämpft sech duerch d‘Päck

De privatiséierte Staatsbetrib POST Lëtzebuerg – dee wéinst de massive

Nei Lëtzebuerger huet eist Land: 9.389 Persoune kruten eis Nationalitéit
International Neiegkeeten

Nei Lëtzebuerger huet eist Land: 9.389 Persoune kruten eis Nationalitéit

De Justizministère huet, wéi all Joer eng Tabell verëffentlecht an

LGBTI: Commemoratiounsdag zu Esch/Uelzecht
International Neiegkeeten

LGBTI: Commemoratiounsdag zu Esch/Uelzecht

D’Gay Pride ass nieft alle Manifestatiounen, déi dem Gefill vu

Frae sinn ënnergeuerdent Wiesen

Islamesch Republik Tierkei zerrappt Istanbul-Konventioun a Polen gesäit sech bestätegt

Frae sinn ënnergeuerdent Wiesen

Déi sougenannten Istanbul-Konventioun, gouf 2011 an d‘Liewe geruff a vun 13 Länner gezeechent. Sënn an Zweck vun dëser Konventioun, déi och d‘Tierkei sengerzäit begréisst hat, ass d‘Affer vu Gewalt ze schützen. Et ass ëmfangräiche Vertrag, dee vu Preventioun iwwer Betreiung an Hëllef, bis hin zu Rechtschutz, vill Beräicher ofdeckt.

Frae

A Polen gëtt d‘Istanbul-Konventioun vun der Kierch an der rietspopulistescher Regierung als Mëttel zur Rechtfäerdegung vun der „homosexueller Ideologie“ duergestallt. A Polen wou sech Regiounen als „LGBT-Fräi“ bezeechnen, ginn d‘Rechter vun de Fraen zanter de Muechtergräifung duerch PiS a bibeltrei Faschiste mat Féiss getrëppelt. An d‘Ofdreiwungsgesetz ass nëmmen ee Beispill…

Um Samschdeg huet déi tierkesch Regierung erkläert, datt d‘Land mat soforteger Wierkung dëst Ofkommes verléisst. Verständlech wa gewosst ass, datt an der Tierkei 2020 mindestens 300 Fraen ëmbruecht goufen, dat virzuchsweis vum Mann, de Bridder an anere Männer aus dem direkte sozialen Ëmfeld. D‘Decisioun vum Sultan ass an der Nuecht zu e Samschdeg verëffentlecht ginn.

Frae

Fraerechtsorganisatiounen an der Tierkei hunn dorops hin iwwert den Ëmwee vun de sozialen Netzwierker zum Protest opgeruff. En Appell dee gutt befollegt gouf, de Patriarch awer kaum dierfte beandrocken. Zudeem versteet hien d‘Uleies vun de Fraen net, nodeems hien Ufank Mäerz een „Aktiounsplang Mënscherechter“ annoncéiert hat, fir dann als éischt d‘HDP unzegräifen.

Traditionell Familljestrukturen a Gefor

Et ass elo awer net eleng dem Sultan Recep Tayyip Erdogan virzewerfen, datt d‘Regierung sech aus der Istanbul-Konventioun zeréckzitt. Déi „konservativ islamistesch Kräften“ bannent der AKP an der Regierung drängen zanter Joren op den Austrëtt aus dësem Ofkommes. D‘Täter kommen oft aus hire Reien, an déi reliéis Fanatiker gesinn an dësen Doten oft eng Aart vu Selbstverteidegung.

Frae

Och de Sultan hält seng schützend Hand iwwer Fraemäerder. Géifen sech d‘Fraen esou wéi dat vu Allah bestëmmt ass, ëm hire Mann, den Haushalt an d‘Kanner këmmeren, statt de Männer eppes „beweisen“ ze wëllen, kéim et net zu sou haislechen „Accidenter“. Den 8. Mäerz um internationale Fraendag huet hie gemengt: „Eng Fra ass eng Mamm an déi éischt Heemecht vum Kand“…

Richteg ass allerdéngs, datt hien – op seng ganz eegen Aart – wëll géint Gewalt u Frae virgoen. Et gëtt esouguer eng App, mat där Fraen d‘Police direkt alarméiere kënne wa se a Gefor geroden. Am Kontext vun der Pandemie ass déi massiv erofgelueden an och agesat ginn. Et gouf dann och vill „duerchgegraff“ woubäi et kee Feminizid verhënnert huet. An och soss, huet et kaum Folgen.

Frae

Wann et emol geléngt ee Mäerder viru Geriicht ze bréngen, ginn dës Männer bezunn op de Kontext vun der Dot – déi laut der Justiz vun der Fra muss provozéiert gi sinn – éischter guer net a wann dann éischter „liicht“ bestrooft. Wien an der Tierkei seng Fra, Schwëster oder Cousine ëmbréngt, muss entspriechend den Traditiounen dofir ee berechtegte Grond gehat hunn. Abee merd alors!

mat indymedia/tlv

Illustratioun: An der Tierkei ware Fraen och mat der Istanbul-Konventioun, Bierger zweeter Klass. Mam Austrëtt aus dësem Ofkommes dierft sech d‘Konditioun vun der Fra weider verschlechteren. Dat gesäit een zu Bréissel net gären, woubäi och bannent der Unioun méi Länner Fraerechter fir ee gesellschaftleche Fauxpas halen.

Annex: De Statement vun de Vereenten Natiounen

Related topics Fraerechter, Istanbul-Konventioun, Mënscherechter, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Next post Previous post