Search

You may also like

Beim STATEC huet een och esou seng Suergen
International Neiegkeeten Stories

Beim STATEC huet een och esou seng Suergen

Et ass scho bal – zumindest ass den Toun entspriechend

RAMMSTEIN – Neie Stoff mat der Single „Radio“!
International Neiegkeeten Stories

RAMMSTEIN – Neie Stoff mat der Single „Radio“!

Ee weidere Video vun der däitscher Band RAMMSTEIN ass ugekënnegt

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt
International Neiegkeeten Stories

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt

Dëse Sonndeg 28. Juli fënnt am Minettpark zu Déifferdeng déi

EU-Sommet ënnert dem Reebou

De Viktor Orban gesäit sech mëssverstanen, de Mark Rutte wëll datt Ungarn aus der EU austrëtt an de Xavier Bettel weist drop hinn, datt Homosexualitéit kee „Choix“ ass

EU-Sommet ënnert dem Reebou

Et war ze erwaarden, datt de sportlech-diplomatesche Kontext engersäits an den Ungarn hiert neit Gesetz zum „Jugendschutz“ bei dësem Sommet nach iwwert de Problemer mam Duo Lukaschenko-Putin an der Migratiounspolitik stoe géif. Dobäi verdeedegen de Viktor Orban a seng Fidesz dach eigentlech just déi chrëschtlech Wäerter, d‘Demokratie an d‘Rechtsstaatlechkeet.

De Viktor Orban ass ee „Mann“, esou ee richtegen, ee mat decke Wäck a klengem Gehir, firwat et verständlech ass datt hien och vill Frënn an Unhänger huet. D‘Kierch begréisst et – zwar net esou offensiv wéi vu gewësse Kreesser erhofft – d‘Polen an d‘Slowene géifen och gären esou Gesetzer aféieren, wëllen elo awer mol ofwaarden, wéi sech Ungarn géintiwwer den Accorden duerchsetzt.

Ungarn huet jo leschten Dënschdeg ee Gesetz agefouert – dat schonn a Kraaft ass – mat deem et elo ënnert anerem strikt Verbueden ass, Kanner a Jugendlechen (ënner 18 Joer) Bicher, Filmer oder soss medial Supporten zougänglech ze maachen, déi eng vun der „heterosexueller Norm“ ofweechend Sexualitéit weisen. De Viktor Orban ass och der Meenung datt Opklärung den Elteren hire Job ass.

Den hollännesche Premier Mark Rutte, huet dem ungaresche Regierungschef nogeluecht dach elo einfach aus der EU auszetrieden. Wéi esou eppes geet a wat et alles mat sech bréngt, dat weist ee mëttlerweil… Woubäi hei dierften dem Hollänner seng Kolleegen, déi jo den Ament eppes drop aus sinn d‘EU-Osterweiderung weiderzeféieren, net esou begeeschtert sinn. Kritik mat Ofstrécher?

Och de Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel, huet sech diplomatesch kritesch, géintiwwer dem ungareschen Ëmgang mat der Sexualitéit an de Mënscherechter méi generell, geäussert. Hien huet jiddefalls kloergestallt, datt déi sexuell „Orientéierung“ net eppes ass wat ee sech eraussicht, mee et „partie integrante“ vum Individuum ass. Et ass natierlech a kee biologesche „Fauxpas“.

De Viktor Orban ass sengersäits dann elo immens enttäuscht datt him nees eppes Ënnerstallt gëtt, wou dach déi gutt Absicht offensichtlech ass. Hie selwer huet sech als Firspriecher fir d‘Rechter vun Homosexuellen. Betreffend d‘Duerstellung an de Schoulbicher, esou wéi se elo vum neie Gesetz reguléiert ass, esou gëtt betount dat et net ëm bestëmmte sexuellen Orientatioune geet.

Hie wier zudeem bereet um Sommet alle Froe Ried an Äntwert ze stoen. Wann et déi dann huet. Et dierf ervirgehuewe ginn, datt wann et elo 16 Länner sinn, déi sech zum Artikel 2 vum EU-Vertrag bekannt hunn, am Schreiwes Ungarn allerdéngs net ernimmt gëtt. Et goung jo just drëms däitlech ze maache wéi eng grondleeënd Wäerter en Deel vun de Länner an der Unioun wéilte verfollegen.

Interessant an dësem Kontext nach de Rappell, dat Polen a Slowenien déi ungaresch Politik stäipen. Slowenien iwwerhëlt ab dem 1. Juli d‘Presidence. An dës zwee Partner hu ganz aner Suergen, wéi d‘Rechter vu Fraen, Kanner oder anere Minoritéiten. Si gesinn sech vu Russland bedreet an hunn esou iwwerhaapt kee Versteesdemech, dat Däitschland a Frankräich e Sommet mat Moskau wëllen.

De Regierungschef vun der europäesch LGBTQIA befreiter Zon an erkläerte Géigner vun der Istanbul-Konventioun, Mateusz Morawiecki, erkläert: „Nëmme wa Russland seng aggressiv Politik géintiwwer den Nopere beendegt, Polen an aneren EU-Länner Zougeständnesser mécht, nëmmen da kann et en Dialog a Form vun engem europäesch-russesche Sommet ginn“. Esou gëtt et näischt

mat indymedia/bru

Foto: © European Union

Related topics Bréissel, EU-Sommet, Homosexualitéit, Mark Rutte, Viktor Orban, Wäerter, Xavier Bettel
Next post Previous post