Search

You may also like

Family Day am Trifolion um 16. Mee 2021
Neiegkeeten

Family Day am Trifolion um 16. Mee 2021

Den Trifolion zu Iechternach invitéiert de 16. Mee op säi

surprise
…et ass eng Sensatioun
Neiegkeeten

…et ass eng Sensatioun

Viru kuerzem sinn op der Cloche d’Or, direkt bei der

Editorial: Wann se dir um Autofestival eng vun der Gees erzielen
Neiegkeeten

Editorial: Wann se dir um Autofestival eng vun der Gees erzielen

Wéi domm dierf e Mënsch sinn? Dat ass am Kontext

enovos setzt op erneierbar Energien

Solarstroum fir 2.800 Menagen, an dat bis Enn vun dësem Joer…

enovos setzt op erneierbar Energien

Bis Enn 2019, esou de Communiqué vun enovos, solle Solaranlage mat enger Héchstleeschtung vun 11,5 Megawatt am Land opgestallt ginn. Dat géif dann och duer goe fir 2.800 Menage mat Stroum ze versuergen. Esou ganz vu selwer ass déi Entscheedung allerdéngs net erbäigefouert ginn.

Grondlag fir de Schratt vun enovos sech zu Lëtzebuerg fir Solaranlagen ze interesséieren, ass eng ëffentlech Ausschreiwung, fir Anlage mat enger Leeschtung vun iwwer 500kWc. Bei esou groussen Anlage lount et sech lasszeleeën, a säitens enovos ass een iwwerzeegt, datt esou Opträg dauerhaft d‘Photovoltaik zu Lëtzebuerg fërdert. Fir enovos kënnt derbäi, datt een zouverlässeg Partner huet.

Bei Luxtram, Post oder Cactus an esouguer Bertelsmann, fir der nëmmen e puer ze ernimmen, soll en Drëttel vun den annoncéierten 11,5 MW produzéiert ginn. Dat virzuchsweis op den Diecher vun dësen „Institutiounen“. Mat der Lëtzebuerger Bertelsmannduechter huet een e Partner fonnt mat deem sech Buedeminstallatiounen opriichte loossen, esou bei de Sender zu Beidler a Jonglënster.

Lëtzebuerg muss seng Klimaziler anhalen

Am Kontext vu Klimawandel, Klimaziler a Reduktioun vun den CO²-Emissiounen, géifen dës Projeten de „Photovoltaik-Foussofdrock“ ëm 10% erhéijen. An elo wou se dann anscheinend de Marché och fir sech gewanne konnten, kënnen si ganz houfreg vu sech behaapten, datt si de Maart an d‘Entwécklung vun der Photovoltaik zu Lëtzebuerg dynamiséiere wëllen. A firwat och net?

Mir sollte bedenken, datt sech Lëtzebuerg jo awer verflicht huet, bis 2020 am Kontext vum nationalen Energieverbrauch, den Undeel vun den erneierbaren Energien op mindestens 11% ze erhiewen. Den Ament sinn et eppes iwwer 9% a mat de Solaranlage vun enovos, sollt dat Zil och erreechbar sinn. Mir leien hei dann och bei eng Joreskapassitéit vun 11 GW/Stonnen.

Fir de Bierger selwer ännert et éischter näischt, an de Stroumpräis wäert och dëst an déi nächst Jore weider klammen. Dofir hëlleft et der Natur, der Politik an a punkto Marketing ass enovos och nach ee kleng Coup gelongen. Datt eleng geet awer am Kontext vun der energetescher Transitioun nach net duer…

Related topics Ausschreiwung, ENOVOS, Klimaschutz, Solarenergie
Next post Previous post