Search

You may also like

EU-Kommissär Öttinger hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“
Neiegkeeten

EU-Kommissär Öttinger hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“

Ëmstridden, mee ee vun den wichtegsten EU-Kommissären, den däitsche Günther

D‘ADR hëlt Stellung zu de Froen am ëffentlechen Déngscht
Neiegkeeten

D‘ADR hëlt Stellung zu de Froen am ëffentlechen Déngscht

Nodeems d‘CGFP de 27. November am Kader vu senger grousser

FIA Motorsport Games a Frankräich: Den ACL schéckt de beschte Pilot an d’Competitioun
Neiegkeeten

FIA Motorsport Games a Frankräich: Den ACL schéckt de beschte Pilot an d’Competitioun

Nodeems de 15. Mäerz den éischten Deel vum ACL Challenge

Enquête: D‘Qualifikatioune vu Muer an der Industrie

De Besoin un diploméierte Mënsche mat engem BTS, Bachelor an oder Master/Doktorat hëlt massiv zou

Enquête: D‘Qualifikatioune vu Muer an der Industrie

En Dënschdeg huet d‘FEDIL (Federatioun vun den Industriellen zu Lëtzebuerg) d‘Resultater vun der 11. konsekutiver Enquête, déi sech op d‘Rekrutementsprevisioune vun den Entreprisen am Secteur vun der Industrie an der Constructioun zu Lëtzebuerg bezitt, verëffentlecht.

Dës Enquête ass den eenzegen Indicateur deen et zu Lëtzebuerg, am Bezuch op d‘Besoinen an der Qualifikatioun fir déi betraffe Secteure gëtt. Et ass also e Wirtschaftsbarometer deen eenzegaarteg ass. D‘Promotioun an d‘Recherche no jonken Talenter ass eng vun de Prioritéite vun der FEDIL fir d‘Joer 2019, a de Verband consideréiert, datt Educatioun a Formatioun déi haaptsächlech Vecteure sinn, mat deenen Zougehéieregkeet a sozial Promotioun identifizéiert gëtt.

Eng gekonnten Orientéierung huet seng strategesch Importenz – si dréit derzou bäi d‘Chance vun de Kandidaten um Maart ze beaflossen, a garantéiert zugläich den Entreprisen e Pool u qualifizéierten Talenter.

Dofir wëll d‘Enquête, déi sech un déi Jonk, hir Elteren an déi fir d‘Orientéierung verantwortlech adresséiert, Äntwerten zu verschidden Ziler ginn: d‘Besoine vun den Entreprise behäerzegen, Offer an Demande vun Ausbildung an Aklang bréngen, an en zouverlässegen Indicateur fir d‘Servicer sinn, déi sech ëm- Schoul- an/oder Beruffsausbildung këmmeren

Finalement, ass et och e Moyen fir d‘Politik vun der Formatioun un déi wirtschaftlech Realitéiten unzepassen. Bei Berécksiichtegung vun den technologesche Fortschrëtter, gëtt et drëms sécher ze stellen, datt déi initial Beruffsausbildung, de jonke Leit erlaabt déi Qualifikatiounen ze erhalen, déi an Zukunft vun der Industrie gebraucht ginn.

D‘Editioun 2019 vun der Enquête, weist e risegen Astellungspotential fir déi nächst zwee Joer op. Dat mat insgesamt 1.397 Aarbechtsplaze fir 98 Entreprisen. 44,95% dovunner ersetzen Ofgäng, a 55,05% bezéien sech op Plazen déi geschafe goufen, oder am Begrëff si geschafen ze ginn. Et ass zudeem den héchste Chiffer fir nei Astellungen zanter 2003.

D‘Entreprisen hunn op e neits eng ganz grouss Nofro fir d‘Formatioun „Diplôme d‘Aptitude Professionnelle“ (DAP) signaléiert. Dat fir ronn en Drëttel vun den Aarbechtsplazen, woubäi et eng considerabel Hausse bei der Nofro fir Kandidate mat engem BTS (16,7%), Bachelor (13,5%) an Master/Dokorat (15,8%) ze verzeechne gëtt.

Wat d‘Sich no Kandidate mat engem BAC betrëfft, esou gëtt et wuel eng kleng Hausse, mee dës Formatioun bleift eng vun deenen am mannste beusprochte vun den Entreprisen aus dem industrielle Secteur vu Lëtzebuerg, mat 10,2% vum Total.

D‘Resultater vun der FEDIL-Enquête, ginn als Depliante realiséiert, op der Basis vum Design vun der Brochure déi d‘Studenten, déi ugeschwat solle ginn, zur Enquête hileet. Dës Brochure kann een natierlech och iwwert den Internet (www.fedil.lu) consultéieren. Fir d‘Realisatioun vun der Brochure, ass mat institutionelle Partner zesummegeschafft ginn. Dat sinn d‘Handelskummer mam hirem „House of Training“, den Educatiounsministère, an d‘ADEM.

An dësem Kontext gëtt dann och nach op eng weider Fërder-Initiativ fir d‘Industrieberuffer an Technologie higewisen. Esou beispillsweis de Projet „HelloFuture“ (www.hellofuture.lu) deen ënnert anerem op senger Internetsäit, innovativ an interaktiv Tools ubitt, deen et de Schüler a Studenten erméiglecht, hir berufflech Zukunft a Richtung vun der industrieller Welt vu Muer ze orientéieren. Hei sinn all Niveaue betraff, an et si Videoen enthalen, an deene Jonker iwwert hir Erfarung beriichten .

De Projet betätegt dann och nees de Succès vum vereenbaarten „Privat-Ëffentleche-Partenariat“ (PPP) am Hibléck op eng besser Orientéierung vun de Jonken, am Kontext vun de Besoinen vun den Entreprisen.

matgedeelt vun der FEDIL, aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics ADEM, Educatiounsministère, Enquête, Fedil, Formatioun, House of Trianing, Schüler, Studenten
Next post Previous post