Am Interview mam Veit Etzold – Erfolleg kritt een net geschenkt
Den Dr. Veit Etzold ass net nëmmen e begaabten Thrillerauteur
Den Dr. Veit Etzold ass net nëmmen e begaabten Thrillerauteur
Um Dënschdeg a Mëttwoch war eng Lëtzebuerger Delegatioun bei der
Tëscht dem 12. a 15. August hat Lëtzebuerg Gäscht aus
Wann een dem neie briteschen Ausseminister Jeremy Hunt gutt nogelauschtert huet, da soll dem Donald Trump seng Administratioun e richtegen „Enthusiasmus“ zum Ausdrock bruecht hunn, wéi et ëm e méigleche Fräihandelsaccord tëscht béiden Natioune gaangen ass. Dee soll direkt nom Brexit zustane kommen, esou de Brit um Mëttwoch, no sengem Besuch zu Washington.
„Eis Gespréicher hunn en echten Enthusiasmus säitens der US-Administratioun, a besonnesch vum President, fir d‘Opsetze vun engem britesch-amerikanesche Fräihandelsaccord – méiglechst direkt nom Austrëtt aus der europäescher Unioun – gewisen. Dovunner profitéieren d‘Entreprisen op béide Säite vum Atlantik“, esou de Communiqué, deen den Ausseminister Jeremy Hunt erausginn huet.
Am Communiqué vum US-Ausseminister Mike Pompeo, deen den Jeremy Hunt um Mëttwoch empfaangen huet, gëtt bestätegt, datt hien zesumme mat sengem briteschen Homolog „d‘Perspektiv vun engem zukünftege Fräihandelsaccord“ begréisst huet. Dat hat am Juli, wéi den diplomatesche Genie aus dem Wäissen Haus, déi britesch Brexit-Strategie torpedéiert hat, nach anescht ausgesinn.
Den Donald Trump huet, nodeems hien sech mat der britescher Premierministesch, Theresa May, getraff hat, seng Positioun „iwwerduecht“, a sech schliisslech bereet erkläert, dës „onvirstellbar Opportunitéit“ ze ergräifen. Den Hunt, deen sech och mam Vizepresident Mike Pence an aneren Déckkäpp aus dem Wäissen Haus getraff huet, ass den Amerikaner dankbar fir hir Solidaritéit.
Eng Solidaritéit, déi d‘USA manifestéiert haten, nodeems am Mäerz an England, e fréiere Spioun vergëft gi war. D‘Brite beschëllege Moskau hannert dëser Dot ze stoen, wat Washington a vollem Ëmfang esou och ënnerstëtzt. Déi westlech Haaptstied, un der Spëtzt Washington, haten dorops hin massiv russesch Diplomaten ausgewisen, dat ënnert dem Virwand si wieren all Spiounen.
An dësem Kontext, huet sech de Jeremy Hunt um Mëttwoch zu Washington mat Diplomate getraff, déi vu Russland, als Äntwert op déi vum Westen ausgewise russesch Diplomaten, heem geschéckt goufen. Hien huet, firwat och ëmmer, dësen Diplomaten e grousse Merci ausgeschwat. Mam Mike Pompeo, huet hien dann och nach iwwert déi „Gefor“ déi Russland duerstellt geschwat.
Geschwat ginn ass och iwwert den Iran. En Dossier an deem béid Natiounen ënnerschiddlecher Opfaassung sinn. Dozou gehéiert och de Konflikt am Yemen, dee vu Saudiarabien mat Waffe vun den Amerikaner, kontrolléiert gëtt. Haut sollt de briteschen Ausseminister op der UNO zu New York den Antonio Guterres gesinn, a virum Sécherheetsrot eppes zum islamesche Staat (IS) soen.
mat AFP
Foto: Zwee déi d‘Welt gebraucht huet: de briteschen Ausseminister Jeremy Hunt an den US-Ausseminister Mike Pompeo. © Nicholas Kamm/AFP