Search

You may also like

D‘Mouer hunn hir Schëllegkeet gedoen, elo kënnen se goen…
Business Money Neiegkeeten

D‘Mouer hunn hir Schëllegkeet gedoen, elo kënnen se goen…

Datt dat mam Amtsenthiewungsverfaren (Impeachment) géint den Donald Trump géif

Breaking News – CFL Linn 60 am Nomëtteg gestéiert!
Business Money Neiegkeeten

Breaking News – CFL Linn 60 am Nomëtteg gestéiert!

Aus operationelle Grënn muss op der Linn 60, d‘Streck tëscht

Maharadscha entsuergt iwwerflësseg Ressourcen
Business Money Neiegkeeten

Maharadscha entsuergt iwwerflësseg Ressourcen

D‘Gewerkschafte sinn alertéiert de Wirtschaftsminister besuergt, an natierlech ass dës

money

Entlaaschtung vun den Entreprise mat gesellschaftlechem Impakt

Entlaaschtung vun den Entreprise mat gesellschaftlechem Impakt

Den Aarbechtsministère deelt mat, datt an der Kriseperiod vill Entreprise mat gesellschaftlechem Impakt (SIS) mat ni dogewieschten Erausfuerderungen ze kämpfen haten. Déi haten dann och de Problem, datt déi ënnerschiddlech stattlech Hëllefen, net zwéngend op d‘Specificitéite vun de SIS agaange sinn.

Fir dann elo awer de Partikularitéite vun dësen Entreprise Rechnung ze droen, si mam Gesetz vum 16. Juli betreffend Entreprise mat gesellschaftlechem Impakt, eng Rei wichteg Modifikatioune a punkto Revisioun agefouert ginn. Dat neit Gesetz féiert Kritären an fir d‘Revisioun vun de SIS, wat obligatoresch ass. Esou gëtt d‘Interventioun vun engem Betribsprüfer (Reviseur d‘Entreprise) dann zwéngend, wat den Ëmsaz vun der Entreprise iwwert enger Millioun Euro geleeën ass.

Dat heescht dann awer och, datt sougenannt Mikro-SIS an/oder Mëttel-SIS net méi mussen op en agreéierte Betribsprüfer zeréckgräifen. Fir déi kleng (Mikro) geet dann eng eegen Evaluatioun duer, déi „Mëttel“ kréien d‘Recht zougestanen, sech un ee Rechnungsprüfer (Commissaire aux Comptes) ze wennen, wat sech positiv op d‘Käschte sollt néierschloen.

Illustratioun: © Volcan Olmez / unsplash

Next post Previous post