Search

You may also like

money
Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“
International Money Neiegkeeten

Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“

E Samschdeg huet Spuenien sech vu senger beschter Säit gewisen.

surprise
Fir de Referendum a Katalounien
International Money Neiegkeeten

Fir de Referendum a Katalounien

Nom Enn vun der Franco-Diktatur, war ech der Meenung, datt

Coronavirus: CARE Lëtzebuerg appelléiert un d‘Solidaritéit
International Money Neiegkeeten

Coronavirus: CARE Lëtzebuerg appelléiert un d‘Solidaritéit

160 Länner si weltwäit vun der Coronavirus-Pandemie betraff. CARE erweidert

money

Massiv Entloossunge bei General Motors

Massiv Entloossunge bei General Motors

General Motors (GM), de gréissten US-Autoconstructeur, huet e Méindeg annoncéiert, datt et beim Konzern zu enger zolitter Restrukturatioun kënnt, an dausenden Aarbechtsplazen ofgebaut musse ginn. Eng Annonce déi beim US-President Donald Trump e Wutausbroch ausgeléist huet.

Alles an allem, wëll GM 2019 15% vun den Aarbechtsplazen am Grupp ofschafen. Ganzer siwe Standuerter sollen dem roude Stëft zum Affer ginn. Esou de Standuert Oshawa (Kanada) an véier Sitten an den USA, wéi zwee Standuerter ausserhalb Nordamerika. Laut de leschten zougänglechen Zuelen – déi si vum Dezember 2017 – huet GM Weltwäit ronn 180.000 Mataarbechter.

Wie muss goen, a wéi vill dovunner? Doriwwer hält ee sech bei GM bedeckt. D‘CEO, Mary Barra, gëtt an engem Communiqué zitéiert: „Déi Moossnamen déi mir haut ergräifen, erlaben eis, ons Verwandlung weiderzeféieren, fir méi flexibel, widderstandsfäeg a rentabel ze ginn. Mir sinn eis bewosst, datt een de Maart antizipéiere muss (…) fir laangfristeg mam Erfolleg unzeknäppen“.

A wéi ëmmer, wann Aarbechtsplazen ofgebaut, Leit an de Misär gedriwwe ginn, freeën sech déi sëllechen Investisseuren an Aktionären: d‘Aktie vu General Motors, huet no dëser Annonce ëm ganzer 4,8% zougeluecht. E bessere Beweis fir „de Profit muss ëmmer iwwer de Mënsch gestallt ginn“ kann een net einfach esou virleeën. Interessant hei, et ass e Milliardär deen sech iergert…

De misogyne Milliardär an d‘Konzerncheffin

Den Donald Trump huet d‘Mary Barra wësse gelooss, datt hien „onzefridden“ ass. „Ech war ganz haart mat hir“, sot de Milliardär, dee den aus dem Erhalt vun den Aarbechtsplazen an der Industrie, en zentrale Punkt vu sengem Wahlkampf gemaach huet, an et esouguer op en Handelskrich mat de wichtegsten Handelspartner vun den USA ukomme gelooss huet, fir grad dës Jobs ze erhalen.

„Dëst Land huet vill fir General Motors gemaach (fir de Konzern virun der Faillitte während der Finanzkris ze retten N.v.d.R.)“ erënnert den US-President, deen sech eng Menace net verknäife kann: „Si wiere gutt beroden sech nees séier zréck an den Ohio ze maachen. Mir kënnen hinne richteg Drock maachen“. Wat hie genee domatter mengt, muss sech allerdéngs weisen.

Déi mächteg Gewerkschaft UAW, ass sech leider och net ze schued, fir de Register vum „America First“ ze zéien, dem US-President säi léifste Sproch. D‘UAW iwwerhëlt dem Milliardär seng Spréch, a bezichtegt GM, a Mexiko an a China Autoen ze bauen, fir se an den USA ze verkafen. GM dementéiert op ganzer Linn, an huet dem US-President verséchert am Ohio ze bleiwen.

Spuere fir besser ze investéieren

Mat der „Schockbehandlung“ soll GM d‘Méiglechkeet erhalen, 6 Milliarden US-Dollar bis Enn 2020 anzespueren. Bei dëser massiver Entloossungswell, sollen awer net eleng d‘Salariéeën aus der Produktioun de Kapp duer halen. Nee GM huet ugekënnegt, sech besonnesch dem Management unzehuelen, deen ëm 25% soll reduzéiert ginn. Den Entscheedungsprozess soll esou besser ginn.

GM huet och drop higewisen, datt dës Aktioune wäerten en Impakt op déi finanziell Performance vum leschten Trimester 2018 an den éischten Trimester 2019 hunn. Déi finanziell „Laascht“ gëtt op 3 bis 3,8 Milliarden US-Dollar geschätzt. Mee d‘Mary Barra betount, datt „GM sécher wëll sinn ze investéieren“, dat besonnesch am Beräich vum autonome fueren an der e-Mobilitéit.

Am Géigesaz zu Ford, huet GM sech virgeholl, seng Produktioun op déi Gefierer ze konzentréieren, déi am rentabelste sinn, wéi beispillsweis d‘Pick-Up‘s an d‘SUVen. „Verschidde Gefierer wäerten an Nordamerika net méi erhältlech sinn“, wéi de „Cruze“ e Modell deen an der Basisversioun ëm déi 17.000 US-Dollar kascht. D‘Produktioun vum „Volt“ en Hybrid-Auto, gëtt agestallt.

Kanada enttäuscht

Mat der Annonce de Standuert Oshawa (Ontario) ze schléissen, wou gutt 2.500 Leit an Aarbecht sinn, huet GM eng Schockwell am Kanada ausgeléist. De Premier Justin Trudeau reagéiert: Säit Generatioune sinn d‘Aarbechter vu GM d‘Häerz an d‘Séil vun Oshawa“. Hien huet versprach alles ze maache fir de Leit ënnert d‘Äerm ze gräifen. Bei GM Oshawa ass d‘Aarbecht néiergeluecht ginn.

D‘Salariéeë sinn domatter engem Appell vun de Gewerkschaften nokomm. Et muss een dann och net extra betounen, datt d‘Stëmmung um absoluten Déifpunkt läit. D‘Karin Wright, eng laangjäreg a gewerkschaftlech organiséiert Aarbechterin: „Dat trëfft meng Famill a mech ganz haart. Wa mir keng Aarbecht méi hunn, musse mir d‘Haus verkafen. Wat gëtt dann aus eis?“.

Ausser dem Standuert Oshawa, sinn véier Sitten an den USA betraff. Zwee dovunner am Ohio, een am Maryland an een zu Detroit. Zwee weider Standuerter ausserhalb Nordamerika sollen och dem roude Stëft zum Affer falen. Detailer dozou huet GM keng ginn, woubäi de Konzern schonn 2017 annoncéiert hat, virzehunn d‘Wierk vu Gunsan (Südkorea) zouzemaachen.

mam Christophe Vogt/AFP

Related topics Donald Trump, General Motors, Justin Trudeau, Mary Barra, Oshawa
Next post Previous post