Search

You may also like

money
Davos: Den Donald Trump op Kuschelkurs mam Patronat
Neiegkeeten

Davos: Den Donald Trump op Kuschelkurs mam Patronat

An nëmmen e puer Stonnen huet hien den US-Dollar gestäerkt,

D‘Zukunft vun der Zousazversécherung CMCM
Neiegkeeten

D‘Zukunft vun der Zousazversécherung CMCM

Vum demographesche Wandel profitéieren an den Affiliéierte méi Servicer ubidden,

surprise
Wahlkampf: Digital an Zeen gesat
Neiegkeeten

Wahlkampf: Digital an Zeen gesat

D’Bundeskanzlerin am Interview op engem Youtube Kanal. Den däitsche Wahlkampf

Entreprisen am Covid19-Féiwer

Entreprisen am Covid19-Féiwer

Et ass grad emol eng Woch hir, datt d‘Regierung dat neit Covid19-Gesetz mat senger Spärstonn um 23 Auer an der Chamber duerchgesat huet. Op déi versprache Stonn vun der Wourecht huet d‘Land och misse verzichten, woubäi et jo awer haut zur Sëtzung vum Regierungsrot kënnt. A wann sech d‘Bierger scho schwéier dinn, esou ass et fir d‘Entreprise nach eppes méi komplizéiert…

Streng geholl wier elo déi ganz Wirtschaftswelt mat de Virbereedungen op d‘Feierdeeg zu Joresenn beschäftegt. Dat gëllt besonnesch fir den Handel, wéi och fir d‘Gastronomie an den Evenementiel. Kee Wonner also, datt besonnesch dës Secteure gespaant op déi nei Annonce vun der Regierung waarden. Et ass jo ugesiichts den Zuelen net auszeschléissen, datt et weider Aschränkunge brauch.

Gefaart gëtt virun allem, datt et nees zum Confinement kënnt, esou eŕi dat beispillsweis bei eise franséischen Nopere schonn de Fall ass. Géif dat antrieden, wier de sougenannte „Black Friday“ a Gefor mee och d‘Feierdeeg u sech, géifen sech fir den Handel schwiereg gestalten. Woubäi jo net dovunner auszegoen ass, datt d‘Leit op hire Konsum verzichte wäerten. Si hu jo masseg Optiounen.

An esou ass d‘Angscht grouss, datt esou Rise wéi Amazon oder Ali Baba an e-Bay hir Ëmsätz op Käschte vum Eenzelhandel zolidd erhéije wäerten. Dat ass dann och ee gréissere Problem fir déi schonn am Etat de Kris staark reduzéiert Annonce-Campagne vun eben dësem Eenzelhandel. Och wann dësen et längst virzitt seng Pub op YouTube an d‘Sozial Netzwierker ze placéieren.

Den eenzege Secteur dee sech zur Stonn nach manner Suerge maache muss, dat ass de Bau. Wéinst der Logementskris – déi wier eng vun de Prioritéite vun dëser Regierung – geet keen dovunner aus, datt et hei nach emol zum Stopp kënnt. Zudeem huet ee sech an der Branche un déi sëllegen, net ëmmer novollzéibar, Oplage gehalen. D‘Regierung steet an der Flicht kloer Uweisungen ze ginn.

Wann dann awer och gewosst ass, datt ee méigleche Lockdown-Beschloss sech op maximal ee Mount bezéie kann – ausser et géif nees den Etat de Kris ausgeruff – dierf ugeholl ginn, datt een den Zäitpunkt méiglechst wäit no hanne verleeë wëll. Dat ass zum Gléck den Ament nach reng Spekulatioun, an de Premierminister huet jo versprach alles ze maachen, fir dat ze verhënneren.

Illustratioun: Ee weidere Lockdown géif de facto um direkte Wee an d‘Rezessioun féieren, wat jo soll méiglechst verhënnert ginn. Lëtzebuerg steet sech nach gutt do, mee muss och Récksiicht op seng Noperen huelen. Esou muss sech de Regierungsrot elo an der quadratur vum Krees üben, an dierf sech op Widderstand säitens der Oppositioun freeën. © Anastasiia Chepinska / unsplash

Related topics Chamber, Confinement, Covid19-Gesetz, Eenzelhandel, Gastronomie, Lockdown, Regierungsrot, Wirtschaft
Next post Previous post