Search

You may also like

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament
Neiegkeeten

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament

Eng kleng rietsextrem Partei, d‘VOX, huet e Sonndeg seng Entrée

Eng „international“ Schoul fir Munneref
Neiegkeeten

Eng „international“ Schoul fir Munneref

D‘Schoulrentrée zu Munneref gëtt dëst Joer zu Munneref eng besonnesch.

Weltbank: Wann et am schéinsten ass, soll ee goen
Neiegkeeten

Weltbank: Wann et am schéinsten ass, soll ee goen

Laut dem Communiqué vun der Weltbank, huet de President vun

Entretiensaarbechten an den Tunnellen stinn un!

Entretiensaarbechten an den Tunnellen stinn un!

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt kommend Woch déi hallefjäreg Entretiensaarbechten an den Tunnelle gemaach ginn. Zu dësen Aarbechten, déi den 9. Mäerz 2020 ufänken, gehéiert och déi preventiv Kontroll vum Sécherheetsequipement (ënnen opgefouert).

Nom Kontrolléiere vun der Funktioun an der Interaktioun vum verschiddenen Equipement, sou wéi den Alarmen wäert CITA mam Botze vun den Tunnelle viru fueren. Jee no Gréisst a Komplexitéit vum Tunnel wäerten dës Aarbechten een Impakt op den Trafic hunn, och wann d’Maintenancen haaptsächlech an der Nuecht geplangt sinn an op verschidden Deeg opgedeelt sinn.

Vu Mëtt August bis Mëtt November wäerten d’Aarbechten oflafen. Déi geplangten Datumer an Interventiounen an de verschiddenen Tunnelle kënnt dir um Site vu CITA noliesen.

Concernéiert Tunnellen:

Tunnell Grouft, Rëngelbuer, Stafelter, Gousselerbierg, Miersch, Rouscht, Kolmer-Bierg, Schieren, Houwald, Cents, Richard Serra, Kierchbierg, Helleg-Geescht, Pénétrante Sud, Märel, Péiteng-Kierch, Biff, Accès Secondaire, Micheville, Ässen, Éilereng, Féiz, Fréiseng, Munneref an de Markusbierg.

Ze kontrolléierend Equipement:

Ventilatioun, Feiermelder, CO / Duerchlässegkeet, Feierläscher, Nisch SOS, Wandmiesser, Beliichtung am Tunnel, Beschallung, Radio-Iwwerdroung, Noutruff-Sailen, Video-Iwwerwaachung, Zieler, Informatik, Telefonen, Reseau, Trëttoir, Pompelen,…

Related topics Entretiensaarbechten, Kontroll, Stroossebauverwaltung, Tunnellen
Next post Previous post