Search

You may also like

US-Representantenhaus ass géint den Noutstand, an den Donald chillt mam Kim
Neiegkeeten

US-Representantenhaus ass géint den Noutstand, an den Donald chillt mam Kim

Well de Kongress him de Goss fir seng onséileg Mauer

Dës Kanner huele kee Blat virun de Mond, wann se dem Trump säin éischt Joer bewäerten
Neiegkeeten

Dës Kanner huele kee Blat virun de Mond, wann se dem Trump säin éischt Joer bewäerten

Wien no brutal éierleche politesche Kommentare sicht, braucht am Fong

money
De Pierre Gramegna stellt sech der Finanzkommissioun
Neiegkeeten

De Pierre Gramegna stellt sech der Finanzkommissioun

Et ass kengem entgaangen, datt mir 2020 hannert eis gelooss

Vum A400M, der Cyberverdeedegung an dem Klimawandel: Eng Entrevue tëscht de Ministeren Bausch an Dedonder

Vum A400M, der Cyberverdeedegung an dem Klimawandel: Eng Entrevue tëscht de Ministeren Bausch an Dedonder

Gëschter huet de Vizepremier a Verdeedegungsminister François Bausch an der Videokonferenz mat der belscher Verdeedegungsministesch Ludivine Dedonder ee Bléck op d’Kooperatioun tëscht béide Länner geworf. Dobäi hu si souwuel op d’Leeschtunge vun der Vergaangenheet, wéi och d’Pläng vun der Zukunft gekuckt.

Als aller éischt huet de Minister Bausch awer déi exzellent Zesummenaarbecht gelueft. „D’Belsch ass den noosten Alliéierte vu Lëtzebuerg, sief et am Beräich vun den Errongenschaften an der gemeinsamer Notzung vu militäreschem Equipement, oder och der gemeinsamer Formatioun a Stationéierung vu Lëtzebuerger Truppen am Ausland am Kader vum belsche Kontingent.“

Uschléissend goung et ëm eise militäresche Koloss – den A400M – deen zu Lëtzebuerg um 7. Oktober 2020 um Findel empfaange ginn ass, ier dësen dann op Melsbroek (Belsch) zur Stationéierung geflu ginn ass. An dëser binationaler Unitéit hunn eis belsch Noperen weider 7 Militärfligeren kaaft. Op hirem Terrain gëtt sech ëm déi logistesch Ënnerstëtzung, d’Formatioun vun den Ekippen, d’Maintenance an zukünfteg Upassungen um Fliger an Equipement gekëmmert.

Bleiwe mir bei den Errongenschaften, da sollt natierlech och op de Lëtzebuerger Satellit gekuckt deen, deen ab 2023 zur Observatioun soll genotzt ginn. Och hei schaffen de Groussherzogtum an d’Belsch nees enk zesummen.

ntrevue tëscht de Ministeren Bausch an Dedonder
(riets) Ludivine Dedonder, Verdeedegungsministesch vum belsche Kinnekräich © Verdeedegungsdirektioun

Ma, d’Diskussiounen hunn awer och ëm d’Erausfuerderunge vun der Zukunft gedréit. An dësem Kader goung et beispillsweis ëm d’Cybersécherheet, woubäi de Minister Bausch nach emol déi éischt Lëtzebuerger Strategie zur Cyberverdeedegung ervirgehuewen huet. Och hei sollt een sech iwwert d’Méiglechkeeten beroden, ob a wéi een d’Kooperatioun zur Verdeedegung am virtuelle Beräich gestalte wëll.

An engem Punkt ware béid Säite sech awer eeneg: Nach ëmmer ginn et ze wéineg Fraen, déi eng professionell Karriär am Beräich vun der Verdeedegung wielen. Aus dësem Grond wäert ee weider Beméiungen ustellen, fir dem weibleche Geschlecht dëse Secteur méi attraktiv ze gestalten.

Zu gudder Lescht huet de François Bausch seng Bedenken beim traditionelle Sécherheetskonzept vu Lëtzebuerg geäussert. Betruecht een de Klimawandel, wier et gutt, dësen ze iwwerdenken an nei Risikotypen a Bedreeungen ze berécksiichtegen. Steigend Temperaturen bréngen nämlech geostrategesch a sécherheetsteschnech Erausfuerderunge mat sech. Elo gëllt et ze handelen, fir dass d’Bierger och an Zukunft beschtméiglech protegéiert sinn.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Nina Garcia; Tom Koeller, François Bausch, Vizepremier a Verdeedegungsminister; Pascal Ballinger; Steve Thull, Roland Reiland © Verdeedegungsdirektioun

Related topics A400M, Cyberverdeedegung, François Bausch, Klimawandel, Lëtzebuergesch-Belsch Kooperatioun, Ludivine Dedonder, Militär, militäresch Karriär, Militärsatellit
Next post Previous post