Search

You may also like

Nei Raimlechkeete fir ee besseren Empfang
Meenung Neiegkeeten

Nei Raimlechkeete fir ee besseren Empfang

Den 9. September 2020 war de Sozialversécherungsminister Romain Schneider, dat

Opgepasst Greenwashing – Eng Aktioun géint d’Ënnerstëtzung vu fossillen Energie vum FDC
Meenung Neiegkeeten

Opgepasst Greenwashing – Eng Aktioun géint d’Ënnerstëtzung vu fossillen Energie vum FDC

Haut de Moien hunn 9 AktivistInne vu Greenpeace zwee riseg

De Viktor Orban an d‘Justiz
Meenung Neiegkeeten

De Viktor Orban an d‘Justiz

Gyöngyöspata ass ee klengt Duerf an Ungarn mat engen 2.500

Mental health matters! Fir eng grondleeënd Enttabuiséierung vu mentale Krankheeten an adequat Hëllefsofferen fir Betraffener

Mental health matters! Fir eng grondleeënd Enttabuiséierung vu mentale Krankheeten an adequat Hëllefsofferen fir Betraffener

Déi mat der Pandemie verbonnen Aschränkungen hunn zu engem gesellschaftlechen Debat iwwert de Stellewäert vun der mentaler Gesondheet gefouert. Dozou wollte mir als déi jonk gréng eise Beitrag leeschten.

An de leschte Méint hu mir eis am Kontext vum „Jugenddësch“, deen a wéinegen Deeg zu dësem Themeberäich stattfënnt, mat der mentaler Gesondheet befaasst a konkret Iddien ausgeschafft, wéi eng grondleeënd Enttabuiséierung vu mentale Krankheeten klappen a Betraffener adequat gehollef kréie kënnen.

Dobäi hu mir eis besonnesch mat de politesche Felder Schoul, Universitéit, Aarbecht, Diskriminéierung a Mobbing, haislecher Gewalt, Suizid, sou wéi dem Beruffsstatus vu Psychotherapeut*innen a Psycholog*innen beschäftegt. Am Folgenden ass jeeweils eng Kärfuerderung pro Kapitel opgezielt:

  • Obligatoresch Konsultatioune bei Psycholog*innen a Bildungsariichtungen am Zwee-Jores-Rhythmus no dem Virbild vun der Consultatioun vum Schouldokter/der Schouldoktesch;
  • Gratis Offer u psychologescher Betreiung fir Student*innen
  • Recht op Ofschalten, wouduerch Beschäftegter ausserhalb vun hiren Aarbechtszäiten net méi op elektronesch Kommunikatioun reagéiere mussen;
  • Fir eng intersektoriell Perspektiv op alle Forme vun Diskriminéierung a Mobbing;
  • Aféierung vun engem „Observatoire de la violence“ mat enger „Maison de l’enfant“;
  • Breetgefächert Suizidpreventioun, virun allem a Schoulen, a geziilt Ënnerstëtzung vu Kanner a Jugendlechen bei engem Suizidfall an der Schoul oder am direkten Ëmfeld;
  • Recht op fënnef rembourséiert Consultatiounen bei Psychotherapeut*innen fir jiddereen.

All weider Fuerderunge ginn am Laf vun den nächsten Deeg ënnert jonkgreng.lu an eisem entspriechende Positiounspabeier, dee mir pünktlech zum „Jugenddësch“ erstallt hunn, nozeliesen.

An eiser Visioun vun enger post-pandemescher Welt bilt déi dauerhaft Opwäertung vum mentale Wuelbefannen eng vun de grousse Léieren aus der Pandemie, an dofir wëlle mir eis an den nächste Joren asetzen.

Matgedeelt vun déi jonk gréng

Opmaacherbild: déi jonk gréng

Related topics Consultatioun, déi jonk gréng, Diskriminéierung, Enttabuiséierung, haislech Gewalt, Jugenddësch, Mental Gesondheet, mental Krankheeten, Mobbing, Observatoire de la violence, Pandemie, Preventioun, Psycholog, Psychotherapie, Suizid
Next post Previous post