Search

You may also like

surprise
Den „Tiers Payant“ ass ee wichtege Schratt zum universelle Versécherungsschutz
Kultur Neiegkeeten

Den „Tiers Payant“ ass ee wichtege Schratt zum universelle Versécherungsschutz

Wann d‘ONG Doktere vun der Welt (MdM) den Debat ronderëm

Ëmweltverschmotzung zu Ëlwen
Kultur Neiegkeeten

Ëmweltverschmotzung zu Ëlwen

D‘Spezialekippe vum CGDIS waren um Sonndegmueren zu Ëlwen op en

Präis Hëllef fir d’Natur 2018 – een emotionalen Owend!
Kultur Neiegkeeten

Präis Hëllef fir d’Natur 2018 – een emotionalen Owend!

Gëschter Owend war am Naturmusée am Gronn déi grouss Feier

Kulturfabrik erfënnt sech nei: Fir nach méi Kreativitéit, Oppenheet a Kollaboratioun

Kulturfabrik erfënnt sech nei: Fir nach méi Kreativitéit, Oppenheet a Kollaboratioun

Mat iwwer 300 Evenementer an den ënnerschiddlechste kulturelle Beräicher ass d’Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht och iwwert d’Grenzen eraus e beléifte Plaz vun der Kreatioun an den Erliefnisser. Elo huet d’Kufa säin Entwécklungsplang 2021-2025 presentéiert, deen d’Strategie fir d’Zukunft festleet.

De Kulturzentrum am Süde vum Land, dee seng Plaz um Site vun engem fréiere Schluechthaus fonnt huet, wëll sech nei erfannen, ouni dobäi d’Erliefnisser an d’Erfarunge vun der Vergaangenheet ze vergiessen. No all de Joren an Aktioun si Froen zu de Wäerter, der Missioun an den Zukunftsvisiounen opkomm. Domat ass och de Besoin, seng Identitéit festzeleeën an eng nohalteg Strategie opzestellen, gewuess.

Esou baséiert den Entwécklungsplang op dräi Pilieren. Den Éischten dréit ëm d’Definitioun vum artisteschen a kulturelle Projet. De pluridisziplinäre Programm gëtt bäibehalen, gestäerkt a mat méi Koherenz verknäppt. D’Kulturfabrik soll en Uert vun der Kreatioun sinn, an esou och d’Begleedung an d’Wäertschätzung vun Artisten – dat beispillsweis a Form vu Residencen – matabezéien.

D’Kulturfabrik wëll als méi, wéi just eng Bühn bekannt sinn. T’ass eng Plaz vun der Entdeckung, Dialog, Echange, Accueil, Formatioun an Interaktioun fir jiddereen. Esou ginn nieft Concerten, Spektakelen a Filmer och d’Restauratioun an einfach de Raum vun der Renconter ervirgehuewen.

Als zweet huet sech d’Kufa-Ekipp virgeholl seng ëffentlech Plaz z’iwwerschaffen. Mat Hëllef vun enger Etüd an op Basis vun de gesammelten Donnéeën wëlle si d’Acteuren an de Potential verstoen a kenneléieren.

Ma, och d’Visibilitéit gëtt gefërdert an et soll e Gefill vun Zougehéieregkeet opkommen – Artisten, Partner an d’Ëffentlechkeet gi beienee bruecht. Zousätzlech dozou ass et wichteg ëmmer erëm säin eegenen Horizont ze erweideren, wat duerch spezifesch Formatiounen an ënnerschiddlech Aktiounen erméiglecht gëtt.

Den drëtte Pilier gesäit vir, d’Institutioun op laang Siicht ze stäerken. Et braucht ee finanziell, administrativ a juristesch Moyenen, déi un d’Realitéit um Terrain ugepasst ginn an der Ekipp déi benéidegt Autonomie ginn.

An dësem Kader ass geplangt de komplette Site optimal ze notzen an déi verschidden Espacen ëmgestalten a verfeineren. Dozou gehéiert och méi enk mat lokalen, regionalen, grenziwwerschreidenden an europäesche Partner ze schaffen, de kulturellen an touristesche Wäert vun der Stad a senger Regioun ze fërderen an ëmmer erëm d’Wäerter a Visioune matzedeelen.

E Gefill vun Heem kommen

D’Artistesch Kreatioun, d’Renconter an d’Innovatioun, mee och d’Meenungsfräiheet gi bei der Kulturfabrik grouss geschriwwen. All dës eenzel Deeler erginn zum Schluss ee Ganzt, dat fir eng oppen Gesellschaft steet a wou dës sech wuelfillt.

D’Missioun besteet also doranner, e räichhaltege Programm opzestellen, deen all d’Facette vun der Kultur opgräift. Dozou gehéieren nieft der Musek, Performancen an de verschidde Méiglechkeete vun der Konscht, och de Kino a seng Filmer, sou wéi d’Literatur. Net nëmmen d’Artisten, mee och d’Visiteure solle Kreativitéit an Emanzipatioun hei ausliewen dierfen.

Als jonk a frësch Ekipp, déi Humor opbréngt an déi kulturell Passioun deelt, sti Wäerter wéi Engagement, Kollaboratioun an natierlech Kreativitéit am Virdergrond. Wuelfille kann ee sech just an engem vertraulechen a familiäre Klima, a genee dat soll an der Kulturfabrik elo nach méi staark erauskommen.

Opmaacherfoto © Kulturfabrik

Related topics ëffentlech Plaz, Emanzipatioun, Engagement, Entwécklungsplang 2021-2025, Esch-Uelzecht, Konscht, Kreativitéit, KuFa, Kulturfabrik, Meenungsfräiheet, Musék, oppe Gesellschaft, Performance, Visioun, Wäerter
Next post Previous post