Search

You may also like

EU, USA, Benelux: E stramme Méindeg zu Bréissel fir de Minister Asselborn
Neiegkeeten

EU, USA, Benelux: E stramme Méindeg zu Bréissel fir de Minister Asselborn

Gëschter hat eise Baussen-an Europaminister Jean Asseborn zu Bréissel e

Jemen: Kampf ëm Hodeida
Neiegkeeten

Jemen: Kampf ëm Hodeida

E Freideg waren d‘Kämpf an der Hafestad Hodeida (Weste vum

D’Muecht ass nëmme mat dir, wann s du des 10 Froe beäntwere kanns
Neiegkeeten

D’Muecht ass nëmme mat dir, wann s du des 10 Froe beäntwere kanns

[onionbuzz quiz-id=78][/onionbuzz] Mat “Solo” kënnt elo en neie Star Wars

Mat Projeten Impulser setzen: D’Uewermusel-Regioun gëtt grenziwwerschreidend

Mat Projeten Impulser setzen: D’Uewermusel-Regioun gëtt grenziwwerschreidend

De Museldall gehéiert zu de gréisste Flosslandschaften a Westeuropa an iwwerzeegt net nëmmen duerch säin eenzegaartegt Natur- a Kulturierwen, mee huet och eng grouss Diversitéit a Geschicht ze bidden. Zanter e puer Joer steet dës Regioun virun der Erausfuerderung d’Entwécklungsdynamik, sou wéi den Erhalt vun der Kulturlandschaft an Aklang ze bréngen.

Aus dësem Grond huet sech gëschter de sougenannte Lenkungsausschoss vum Entwécklungskonzept „Oberes Moseltal“ (EOM) fir eng digital Sëtzung getraff. Ënnert dem Motto „Mat Projeten Impulser setzen“ ass gemeinsam mam EOM-Regionalmanager Martin Güdelhöfer iwwert déi mëttel- a laangfristeg Prioritéite fir eng grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht un der Musel tëscht Däitschland a Lëtzebuerg diskutéiert ginn.

„Dierfer sollen hire ländleche Charakter net verléieren. Si sollen Dierfer bleiwen an d’Ierwe vum ländleche Raum an d’Verbindung zu der Natur muss erhale bleiwen. Am Mëttelpunkt vun onse Beméiunge steet d’Wuelbefanne vun onse Matbierger an d’Erhalung sou wéi d’Stäerkung vun der Liewensqualitéit“, sou de Claude Turmes, Minister fir Raumentwécklung.

D’Liewensëmfeld an de ländlech gepräägte Gemenge soll dobäi de Bedierfnesser an den Ufuerderunge vun de Bewunner entspriechen. Gläichzäiteg musse Stied hirer Funktioun vun der Sécherung vun den allgemengen Interesse gerecht ginn. „Dat kann een natierlech op nationalem Niveau maachen, mee et erreecht een eng ganz nei Dimensioun, wa mir eis entscheeden, d’Potential vun der Zesummenaarbecht mat eisen däitschen Nopere voll auszeschöpfe“, erkläert de Minister virun.

D'Uewermusel-Regioun gëtt grenziwwerschreidend
Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung © MAE

Och de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ënnersträicht d’Bedeitung vun dëser Zesummenaarbecht a weist dobäi op d’Regioune Miselerland a Muselfranken hin, déi duerch LEADER däitlech gestäerkt goufen. Am Kader vun der aktueller Fërderperiode 2014-2022 konnt esou déi éischt grenziwwerschreidend Entwécklungsstrategie an Europa ausgeschafft ginn.

Zousätzlech huet den Lenkungsausschoss a senger Sëtzung weider Projeten thematiséiert, ënnert anerem zur Gesondheetswirtschaft, Tourismus, Dréchemaueren als Leetbiotop a multimodal Hubs.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Claude Turmes, Minister fir Raumentwécklung; Marie-Josée Vidal, General-Koordinatrice vum Departement fir Raumentwécklung © MAE

Related topics Claude Turmes, Entwécklungskonzept „Oberes Moseltal“, LEADER, Liewensqualitéit, Martin Güdelhöfer, Mat Projeten Impulser setzen, Romain Schneider, Uewermusel-Regioun
Next post Previous post