Search

You may also like

Rapp a Klapp zu Wäisswampech während der Gemengerotssëtzung
Neiegkeeten

Rapp a Klapp zu Wäisswampech während der Gemengerotssëtzung

Nodeems et am August am héijen Norde wéinst dem touristesche

ULC: Fir méi bëlleg Taxitariffer!
Neiegkeeten

ULC: Fir méi bëlleg Taxitariffer!

Wéi d’ULC matdeelt, sollt et laut dem Transportministère an noer

Sibiresch Keelt: Äiseg Temperature fuerderen iwwer 20 Mënscheliewen
Neiegkeeten

Sibiresch Keelt: Äiseg Temperature fuerderen iwwer 20 Mënscheliewen

Vum Baltikum bis un d‘Mëttelmier, Europa bleift gefaange vun enger

EPI-COVID-19: Fir d’Offer an d’Nofro no perséinlechem Schutzmaterial

EPI-COVID-19: Fir d’Offer an d’Nofro no perséinlechem Schutzmaterial

Mat der Plattform EPI-COVID-19 wëll een der Offer an Nofro, am Bezuch op perséinlech Schutzausrëschtung, déi vu Lëtzebuerger Entreprisen hiergestallt a geliwwert gëtt, an einfacher Aart a Weis verbannen an opweisen.

An d’Liewe geruff vun Luxinnovation, der nationaler Agentur zur Fërderung vun Innovatiounen, weist www.epi-covid19.lu vun de Réistoffer, iwwert halleffäerdeg a fäerdeg Produiten, bis hin zu Fäegkeeten an Déngschtleeschtungen déi ganz Offer op. EPI-COVID-19 gëllt als Register mat sécherem Zougrëff fir Benotzer.

Zil ass et am Bezuch op d’Hierstellung a Liwwerung Informatiounen zu folgende perséinleche Schutzausrëschtungen (PSA) ze sammelen:

  • Chirurgesch an FFP2-Masken
  • Net zertifiéiert Schutzmasken
  • Viséier
  • Konschtstoffschutzpaneler
  • Schiitescher
  • Desinfektiounsmëttel

Am Beräich vun der ‘Angebot’ kënnen onofhängeg Fachleit, Handiwerker, kleng, mëttel a grouss Entreprisen, wéi och Fuerschungsinstituter hir jeeweils Offer areechen an uweise loossen. Am Beräich ‘Antrag’ kënne Lëtzebuerger Gemengen, Verbänn, Verwaltungen an ëffentlech Ariichtungen, sou wéi Entreprisen a Fachkräfte hir spezifesch Bedierfnisser am Bezuch op perséinlecht Schutzmaterial äusseren.

Entreprisen, déi Schutzmaterial hierstellen, kënnen och ‘Aufforderungen zur Einreichung vun Vorschlägen’ starten, fir esou potentiell Clienten iwwert all Parameter vun hirer Produktiounskapassitéit ze informéieren. D’Eenegung tëscht Offer an Nofro gëtt am Averständnis tëscht de Partner ausserhalb vun der Plattform gereegelt.

D’Plattform EPI-COVID-19 ass entstanen duerch Luxinnovation, an Zesummenaarbecht mat der wedo.lu-Ekipp vun der Fédération des Artisans a steet ënnert der Schiermherrschaft vun der Regierung am Kader vun der Coronakris. Ënnerstëtzung gëtt et zoudeem vun der Handelskummer, der Handwierkerkummer, der FEDIL an der Confédération Luxembourgeoise du Commerce.

Opmaacherbild: © engin akyurt / Unsplash

Related topics Coronakris, Desinfektiounsmëttel, EPI-COVID-19, Exit-Strategie, Mondschutz, Plattform, Schutzmasken, Schutzmaterial
Next post Previous post