Search

You may also like

Schwéier Onwieder op Sardinien
International Neiegkeeten Stories

Schwéier Onwieder op Sardinien

Op der italienescher Mëttelmierinsel Sardinien huet en Onwieder grousse Schued

money
Editorial: Wann d‘Banken et wëllen…
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Wann d‘Banken et wëllen…

Al Leit sinn de Banken eng Laascht si solle kucke

Extremsummer 2019: Dräi Hëtztwellen, Reendefizit an een Tornado
International Neiegkeeten Stories

Extremsummer 2019: Dräi Hëtztwellen, Reendefizit an een Tornado

Pünktlech zum Ofschloss vum meteorologesche Summer 2019 verëffentlecht de staatleche

Den EPP-Chef Weber a säi faschistesche Schützling

D‘CSV sollt ufänken driwwer nozedenken, wéi conciliant ee mat der faschistescher Ideologie dierf ëmgoen

Den EPP-Chef Weber a säi faschistesche Schützling

Zanter Jore kann sech déi ungaresch Verwandtschaft bannent der grousser politescher Famill vun der Europäescher Vollekspartei (EPP) esou zimmlech all Exzess leeschten. All eenzele fir sech geholl wier schonn u sech e gudde Grond, sech dëse Provokateuren ze entleedegen. Ëmmer méi EU-Bierger géifen dat ganz Land direkt mat aus dem Staatebond erausgeheien, mee dat geet net.

Mee och bannent der EU-Kommissioun fänkt een un es der Fidesz eppes iwwerdrësseg ze ginn, mee den EPP-Chef Manfred Weber hält seng schützend Hand iwwert dem Viktor Orban seng Leit. De leschte Skandal, wou dem Viktor säi Josy – offiziell oppe géint Homosexualitéit, mee am privaten ee fervente Liibhaber vum männleche Geschlecht – huet missen de Hutt huelen. Scho virun dësem satireschen Intermezzo, hat sech den Tamás Deutsch en Affront bannent der EPP geleescht.

EPP

Hien huet gemengt, datt de Weber hie géif un d‘Gestapo erënneren. De Verglach, gemooss um politesche Charisma vum Manfred Weber (Bayern – CSU) ass wuel net mat den Hoer erbäigezunn an dierft och en historesche Kontext hunn. Mee et soll een net op den Dësch kacke vun deem een ësst, an esou huet och nach justement den Éisträicher Othmar Karas déi beleidegt Liewerwurscht gespillt.

Grond fir de Familljesträit: den Debat ëm an iwwer d‘Rechtsstaatlechkeet. An der EPP wollt ee jo d‘Ungarn derzou beweege vum hirem Veto géint den EU-Haushalt an d‘Covid19-Finanzhëllef Ofstand ze huelen. Nodeems also de Weber mat der eigentlech ganz am ideologesche Sënn vun der Fidesz agéierender Gestapo verglach gouf, huet den Othmar Karas gemengt, datt hei awer schon eng Entschëllegung fälleg wier. Alternativ: den Tamás Deutsch kéint aus der Fraktioun austrieden.

Blutt ass méi déck wéi Waasser

Eigentlech wier et politesch gescheit an ethesch korrekt, wann sech d‘EPP, wou jo och déi CSV EU-Deputéiert (vläicht) ongewollt den neie Faschismus an hirer Mëtt dulden an esou ganz kloer och zu Lëtzebuerg de Rietsextremismus fërderen, vun der Fidesz trenne géif. Sech op där enger Säit kloer fir d‘Rechtsstaatlechkeet ausschwätzen, a gläichzäiteg mat de Feinde vun der Rechtsstaatlechkeet an d‘Bett goen, géif een engem Christophe Hansen oder Isabel Wiseler-Lima esou net zoutrauen.

Déi wäerten zum eegene Schutz allerdéngs drop hiweisen, datt d‘CSV zu Lëtzebuerg sech ëmmer a widderholl géint d‘Fidesz bannent der EPP ausgeschwat hunn. Dat stëmmt esouguer, mee et kann een der CSV och roueg zoutrauen, dat aus rengem politeschen Interessi um nationale Plang „just fir d‘Galerie“ gemaach ze hunn. Woubäi wann sech net emol de liberale Premierminister dru stéiert…

EPPDe Manfred Weber (Bayern – CSU) well de Gespréichsfuedem mat de Fidesz-Deputéierten net ofräisse loossen. Hien ass am EU-Parlament de Fiels an der Brandung, wann ëm Meenungsfräiheet, Rechtsstaatlechkeet, Toleranz an Integratioun geet. Onverständlech, datt esou ee maskulinen, an der Gesellschaft oppen entgéinttriedende Beruffspolitiker net zum President vun der EU-Kommissioun gewielt ginn ass. © Daina le Lardic / EU-Parlament

Elo mussen awer bannent der EPP gewësse Forme gewoort bleiwen, an esou hu 40 Deputéiert vun der EPP (vun insgesamt 187, wouvunner 12 Mandater op d‘Fidesz entfalen) mat enger „Petitioun“ gefuerdert, den Tamás Deutsch erauszegeheien. Wéi gesot, déi gesamt faschistesch Delegatioun ass Deel vun der grousser Famill, a wéi ee Wäert d‘Famill fir Konservativer huet, muss och net weider erläutert ginn. Mee et ass natierlech imminent wichteg, sech als „Vollekspartei“ ze presentéieren.

Weider heescht et dann, datt ee bezunn op déi stänneg Kompromëssbereetschaft „frustréiert wier“ wëll d‘Parteispëtzt sech net wëll géint dem Viktor Orban seng Komplizen/Frënn opstellen. Elo soll dann am Februar nach emol an der Partei iwwert en Ausschloss berode ginn. Esouvill Zäit ass am allgemengen néideg, fir datt nees jidderee vergiess huet wourëms et geet. Och dat ass EU-Politik.

Foto: De rietsradikalen EU-Deputéierten Tamás Deutsch (Ungarn, Fidesz) ass net vun der EPP an d‘Wüst geschéckt ginn, well de Manfred Weber – dat ass dee wou op senger Homepage behaapt: „Die Familie der EVP hat die Geschichte der europäischen Integration gestaltet“ – seng schützend Hand iwwert dem Viktor Orban säi Representant gehalen huet. Als Konzessioun fir d‘Minoritéit vun den „Toleranten“ (manner wéi 25% an der EPP) soll de Kauzekapp awer kleng Riede méi fir déi „chrëschtlech“ Famill halen. An eegenem Numm schéngt et also nach méiglech. Et géif elo och doriwwer nogeduecht, hien eventuell vu Féierungsaufgaben auszeschléissen. © EU-Parlament / medialibrary (Archiv 2016)

Related topics CSV, EPP, EU-Parlament, Europäesch Vollekspartei, Faschismus, Gestapo, Manfred Weber, Rechtsstaatlechkeet, Tamás Deutsch
Next post Previous post