Frankräich: Fra stierft u Kriibs no Transplantatioun vun de Longe vun enger Fëmmerin
Eng Patientin déi u Mukoviszidose (eng zystesch Fibrose) erkrankt ass,
Eng Patientin déi u Mukoviszidose (eng zystesch Fibrose) erkrankt ass,
D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt de Boulevard Robert
D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt d’Strooss am Val Sainte Croix, vun
Kee Benefizconcert gläicht deem aneren, an eigentlech ass datt och ganz gutt esou. Dofir hu se all eppes gemeng: et ass ëmmer fir de gudden Zweck. Esou och beim Concert deen en Samschdeg 23. November am Sall „Groussherzog Jean“ an der Gemeng zu Schëffleng ugebuede gëtt.
Den „Le RANDOM Trio“, eng atypesch oder aleatoresch Formatioun – jee nodeem aus wéi engem Wénkel een et betruecht – bitt dem interesséierten Nolauschterer op dësem Owend eng exklusiv Rees duerch eis ënnerschiddlech Kulturen un. An de Programm sollt keng Wënsch oppe loossen.
Romain Nosbaum (Piano), Daliah Scholl (Flute) a Judith Lecuit (Cello) sinn den „Le RANDOM Trio“ a mat de Wierker vum A. Piazolla, M. Mores oder G. Gershwin (fir der e puer ze ernimmen) bidden si een esou onvergiessleche wéi musikalesch héichwäertegen Owend un.
De Concert fänkt um 19.30 Auer un an den Entréespräis bedréit 10 Euro. Den integralen Erléis vum Owend gëtt un d‘Associatioun „Schëffleng hëlleft“, wat u sech ech schon e gudde Grond ass, zumindest wann een eppes méi gehuewen Uspréch un d‘Musek stellt, sech ze interesséieren.
Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay