Et bleift bei 90 km/h op der Autobunn A1 an A6
Duerch déi positiv Auswierkunge vun der Vitesslimitatioun op 90 km/h
Duerch déi positiv Auswierkunge vun der Vitesslimitatioun op 90 km/h
Datt verschidde Leit ouni Behënnerung mengen, si missten direkt 2
Trotz dem Verbuet hunn d’Organisateure vum „Marsch vun der Houfregt
E Mëttwoch geet zu Diddeleng „literaresch“ héich hir. Am Parc Emile Mayrisch gëtt ee grousst Fest ronderëm d‘Buch an d‘Poesie organiséiert. Dozou gehéiert e Bichermaart, an hei dierf ee sech gären dru bedeelegen. Interessente sollten sech zu dësem Zweck mat enger e-Mail un den Thierry Winckel wennen.
Wien sech nëmme fir d‘Liesungen an de musikalesche Kaderprogramm interesséiert, dee kann dës Geleeënheet fir e Picknick mat der Famill, Frënn an oder Kollegen notzen. Et geet dofir schonn duer sech mat enger grousser Decken auszerëschten, genuch Gebaffs an eppes géint den Duuscht matzeschleefen a schonn dierft näischt méi schif goen.
Ab 17 Auer kann ee sech schonn emol op der Plaz ëmkucken iert et der dann um 18, 19 an 20 Auer „laanscht d‘Ouere ginn“. Zu den Auteuren déi d‘Wierker presentéieren, gehéieren d‘Christiane Kremer – hei gëtt et Kannerliteratur – de Jean Back an d‘Anja Di Bartolomeo. Fir d‘Musek steet de Grupp „All Reitz Reserved“ um Programm.
Organiséiert gëtt dëst flott kulturellt Evenement vun der Diddelenger Kulturkommissioun.