Search

You may also like

Reporter ouni Grenze besuergt ëm d‘Pressefräiheet an den Demokratien
Neiegkeeten

Reporter ouni Grenze besuergt ëm d‘Pressefräiheet an den Demokratien

Am Rapport vun 2018, huet sech d‘ONG Reporter ouni Grenzen

surprise
Op der Sich no den Urspréng
Neiegkeeten

Op der Sich no den Urspréng

Ee Joer nodeem d‘Pandemie ausgebrach ass, sinn d‘Experte vun der

Zukunft ass méi!
Neiegkeeten

Zukunft ass méi!

An der „Endphas“ vun der Campagne fir d‘Chamberwahlen, hunn sech

Eppes fir Statistiker: Den Dout a seng Ursaachen

Eppes fir Statistiker: Den Dout a seng Ursaachen

Am Joer 2018 huet den Doudesursaacheregister vun der Direktioun vun der Santé 4.108 Doudesfäll opgeholl. Dat waren 29 manner Doudesaffer wéi dat Joer virdrun.

D’Verhältnis tëscht Fraen (2.043 Doudesfäll) a Männer (2.065 Doudesfäll bleift ausgeglach. D’Männer sinn am Duerchschnëtt am Alter vu 74 gestuerwen a Fraen am Alter vun 80 Joer. Méi wéi d’Hallschent (55.7%) vun deenen, déi gestuerwe waren, ware mindestens 85 Joer al.

Am Duerchschnëtt sinn 11 Leit pro Dag gestuerwen, 78 pro Woch an 342 pro Mount. De Februar huet déi héchst Zuel u Stierffäll, mat 428 Doudeger, am Verglach zum Juni mat 291 Doudeger.

29,6% vun den Doudesfäll sinn am éischten Trimester vum observéierte Joer geschitt. 93,4% vun allen Doudesfäll si wéinst Krankheet, wärend 6,6% wéinst externen Ursaache verstuerwe sinn. Méi wéi d’Hallschent vun den Doudesfäll huet an de Spideeler stattfonnt, e Véierel an Altersheemer a 17% doheem.

Zu Lëtzebuerg wéi an der Europäescher Unioun bleiwen d’Haaptursaache vum Doud kardiovaskulär Krankheeten a Kriibs. Wéi an de leschte Joren, sinn Häerzkreeslafkrankheeten déi féierend Doudesursaache mat 29.0% (30.8% am Joer 2017). Oder 1.193 Leit, déi gestuerwe sinn (589 Männer a 604 Fraen). Mat 1.276 Doudesfäll vun dëser Ursaach am Joer 2017 ass d’Zuel vun den Doudesfäll u kardiovaskuläre Krankheeten ëm 7% am Joer 2018 erofgaangen.

An der Europäescher Unioun ass de standardiséierte Stierflechkeetstaux fir dës Doudesursaach am Joer 2017 mat 370 Doudesfäll pro 100.000 Awunner (285 pro 100.000 Awunner zu Lëtzebuerg) och déi héchsten.Kriibs bleift déi zweet Haaptursaach fir den Doud an dat mat 27,5% vun allen Doudesfäll (1.130 Leit).

Am Verglach mat 2017 ass d’Zuel vun de Kriibsaffer liicht erofgaange vun 1.160 op 1.130 Leit. Bei de Männer ass et Longekriibs, de vun alle Kriibsaarte mat 142 Doudesfäll am Joer 2018 déi héchst Zuel un Doudesfäll verursaacht.(Am Verglach zu 86 Doudesfäll bei de Fraen.)

Bei de Fraen huet Broschtkriibs 91 Doudesfäll verursaacht, gefollegt vu Longekriibs a Daarmkriibs mat 61 Doudeger. An der Europäescher Unioun ass de standardiséierte Stierflechkeetstaux fir dës Doudesursaach och héich. An dat mat 267 Doudeger pro 100.000 Awunner (250 pro 100.000 zu Lëtzebuerg).

Déi aner Doudesursaache maache wéineger wéi 10% vun den Doudesfäll aus: Erkrankunge vun den Otemweeër mat 9,4%, psychesch Verhalensstéierunge mat 7,0%, äusser Ëmstänn (Accidenter, Fräidoud an anerer) mat 6,6%.

Ausserdeem ass e Réckgang vun der Unzuel a vum relativen Undeel un Doudesursaache bei infektiéisen a parasitäre Krankheeten (68 am Joer 2018, géint 106 am Joer 2017), bei endokrinnen, Ernierungs- a Stoffwiesselkrankheeten (102 am Joer 2018, géint 147 am Joer 2017) a fir Symptomer, Unzeechen an anormal Resultater vu klineschen- a Laborënnersichungen (113 am Joer 2018 géint 141 am Joer 2017) fir d’Joer 2018 ze gesinn.

Op där anerer Säit gëtt e Géigentrend fir mental a Verhalensstéierunge beobacht (286 am Joer 2018 géint 228 am Joer 2017), Krankheeten um Stréimungssystem (388 am Joer 2018 géint 314 am Joer 2017) an extern Ursaachen (270 am Joer 2018 géint 220 am Joer 2017). D’Zuel vun de doudeg-gebuerene Puppelcher (N = 42) blouf stabil.

Zousätzlech a méi detailléiert Resultater kann den interesséierte Bierger um Site vun der Gesondheetsdirektioun (sante.lu) agesinn.

Impakt vum COVID-19 op d’Mortalitéit an der éischter Hallschent vun 2020

Statistiken déi den 19. Oktober 2020 vun Eurostat verëffentlecht goufe beleeën, datt et ënnert de 26 Member-Staaten, fir déi Daten disponibel sinn, 168.000 weider Doudesfäll an dem Zäitraum Mäerz/Juni am Verglach mat der Duerchschnëttszuel vun Doudesfäll am selwechten Zäitraum iwwer déi véier Joer 2016 bis 2019.

Dës Daten enthalen all Doudesfäll, onofhängeg vun hirer Ursaach, awer si kënnen nëtzlech sinn, fir déi direkt an indirekt Effekter vun der COVID-19 Pandemie op déi europäesch Bevëlkerung ze bewäerten.

Quell Eurostat: Statistik wëchentlech Stierffäll

Fir Lëtzebuerg hat de COVID-19 e limitéierten Impakt op d’Mortalitéit an der éischter Halschent vun 2020, zu dësen Observatioune koum d’STATEC.

Quell STATEC: «Rapport Travail et Cohésion Sociale» chapitre 1.4 «Impact limité du COVID-19 sur la mortalité au 1er semestre 2020»

Illustratioun: © Joël in‘t Veld / unsplash

Related topics Covid19, Doudesfäll, Doudesursaachen, Statec, Statistiken
Next post Previous post