Search

You may also like

Chef vu jemenitescher al-Quaida Sektioun mëttels Dron erleedegt
Neiegkeeten

Chef vu jemenitescher al-Quaida Sektioun mëttels Dron erleedegt

D‘Amerikaner, déi sech am Jemen net offiziell „selwer“ um Konflikt

Owesiesse fir de Brexit
Neiegkeeten

Owesiesse fir de Brexit

D‘Verhandlungsdelegatiounen, geleet fir d‘Britte vum David Frost a fir d‘EU

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech an Chupa Chups Gedrénks
Neiegkeeten

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech an Chupa Chups Gedrénks

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt de Produit

Eppes méi Respekt a besser Aarbechtskonditiounen

Um „International Justice Day“ setzt den OGBL Akzenter fir d‘Leit aus de Botzsecteur an dem Gardiennage

Eppes méi Respekt a besser Aarbechtskonditiounen

A sengem Communiqué huet den OGBL nach emol op den „International Justice Day“ ee vun der UNI (International Gewerkschaft vum Déngschtleeschtungssecteur) all Joer organiséierten Aktiounsdag, higewisen. Den OGBL fuerdert dann och besser Aarbechtskonditiounen a méi Respekt fir d‘Salariéeë vun de genannte Beruffsgruppen.

An esou heescht dann och: „Haut wëlle mir all de Lounofhängegen, deenen hir Funktiounen a Missiounen der Allgemengheet oft wéineg bekannt sinn, dofir meeschtens ënnerbewäert ginn, eng Hommage zu deel komme loossen. Wärend der sanitärer Kris mam Covid19, ass awer ersiichtlech gi wéi wichteg d‘Aarbecht vun all dëse Leit ass. Tatsächlech goufe béid Secteure vun Ufank un zu de systemrelevante Beruffer gezielt“.

Jo, d‘leit aus dem Botzsecteur an dem Gardiennage haten eng wichteg Roll, si goufe verflicht hiren Déngscht oft ënnert zweiwelhaften Ëmstänn ze verriichten. Keng Masken, keng Händchen an och un Desinfektiounsmëttel huet laang Zäit zolidd gehapert. An awer hunn dës Salariéeën all Dag bis zu 12 Stonnen d‘Staang riicht gehalen.

Wann ee begréisse kéint, datt vill Leit vun der Zivilgesellschaft sech haut eens sinn, datt een dësen Effort misst wierdegen, esou ass deem säitens den Direktiounen an de Patronatsverbänn leider net esou. Besonnesch bei der FEDIL schéngt een et mam Respekt net esou ze hunn. Vill vun de Leit hiren Aarbechtsverträg si „prekär“ an d‘Pai seelen iwwert dem absolutte Mindestloun. Dozou kënnt nach dat oft d‘Aarbechtszäite fraktionéiert sinn, mee sécher ëmmer onreegelméisseg.

Wéi een et do – dat war jo emol de Wonsch vun der Familljeministesch Corinne Cahen (DP) – soll fäerdeg brénge Beruff a Familljeliewe matenaner an Harmonie ze bréngen? Guer net. Dat ass net de Versteesdemech deen ee beim OGBL huet, wa Politik a Patronat vun „Unerkennung“ schwätzen. Hei gesäit een op en Neits, wéi Realitéitsfriem gewëssen Acteuren sech an eiser Gesellschaft behuelen.

An dat geet dem OGBL gehéiereg géint de Stréch. Fir gutt gemengte „Parollen“ a sonsteg politescht Geschwätz ass keng Plaz méi fräi an d‘Gewerkschaft fuerdert elo, datt wann een dës Beschäftegt als „Helden“ wärend der Kris bezeechent, et elo och direkt a virun allem ee reelle Merci muss ginn. An d‘Fuerderunge vum OGBL wieren och ouni Kris duerchaus gerechtfäerdegt.

Et geet hei ëm d‘Unerkennung vun de Beruffer mat reelle Perspektiven a seriéise Moossnamen am Kontext vun der berufflecher Weiderbildung. Et géif zudeem duer goen, datt dës Servicer vun den Entreprisen a besonnesch den ëffentlechen Institutioune géifen ausgelagert ginn (Outsourcing). An natierlech sollt, esou d‘Fuerderung vum OGBL, méi wéi en Handshake als Merci dra sinn. Hei gëtt net manner wéi eng Covide19-Unerkennungsprimm verlaangt.

Den OGBL gëtt nach eppes fir nozedenke mat op de Wee: „Wéi géif eng Gesellschaft ausgesinn, wann et net déi vill onsiichtbar Hänn aus dem Botzsecteur an dem Gardiennage géif ginn? Dat wier wuel net agreabel, esouvill dierft sécher sinn. Wann een dat da verstoe géif, wier et sécherlech elo och ubruecht d‘Aarbechtsleeschtung vun dësen dausende Lounofhängegen ze wierdegen“.

Related topics Aarbechtskonditiounen, Botzsecteur, Gardiennage, OGBL, Respekt, Wäertschätzung
Next post Previous post