Search

You may also like

Diddeleng huet seng „cityapp“
Neiegkeeten

Diddeleng huet seng „cityapp“

Zanter en Donneschdeg ass se do, déi nei „cityapp“ vun

D’Chorale Mixte vum Conservatoire mat super Programm
Neiegkeeten

D’Chorale Mixte vum Conservatoire mat super Programm

D’Gemeng Koplescht invitéiert Iech e Samschdeg, den 26. Januar 2019

Covid19-Impfung an der Schwangerschaft?
Neiegkeeten

Covid19-Impfung an der Schwangerschaft?

Nach bis viru kuerzem, huet sech d‘Wëssenschaft éischter skeptesch der

Eppes Respekt wann ech gelift!

Eppes Respekt wann ech gelift!

Beim LCGB, déi majoritär Gewerkschaft am Transportsecteur, ass een zolidd veriergert iwwert den Ëmgang, mee ganz besonnesch iwwer déi sougenannt „Sozial Couverture“ vun de Beruffschauffere wou Frontalier sinn, a fir Lëtzebuerger Entreprise schaffen.

De „Centre Commun vun der Sozialversécherung“ (CCSS) hält trotz der stänneger Reklamatioun betreffend d‘EU-Direktiven: CE883/2004 an CE987/2009 un dësen Dispositioune fest, ouni sech Gedanken zu den Auswierkunge vun hirem Handelen ze maachen. Duerch déi bestoend Reegelung an engem bewosst schlechte Beholl vu gewësse Patronen, geroden esou vill Chauffere a Misär.

Bedauerlech och, besonnesch wou de politesch Verantwortlechen d‘Situatioun duerchaus bekannt ass, datt nees kee wëll Zoustänneg sinn. Am Oktober hat den LCGB vum Sozialminister gefuerdert, bilateral Ofkomme mat den Nopeschlänner ze sichen, fir dëser desastréiser Situatioun ze begéinen. Geschitt ass bis ewell näischt. Méiglecherweis sinn déi existenziell Problemer dësem éischter egal.

Illustratioun: Ganz allgemeng sinn d‘Aarbechtskonditiounen am europäesche Logistiksecteur éischter schlecht. Elo ginn se och duerch eng EU-Direktiv an hire soziale Rechter beschnidden. © International Transport Workers Federation (ITF)

Related topics Beruffschaufferen, CCSS, Frontalieren, Grenzgänger, LCGB, Sozialminister, Sozialversécherung
Next post Previous post