Search

You may also like

De Fayez al-Sarraj gëtt op
Neiegkeeten

De Fayez al-Sarraj gëtt op

An enger Ried op der Televisioun huet de Fayez al-Sarraj

Cargolux: No intensive Verhandlunge kommen nei Kollektivverträg
Neiegkeeten

Cargolux: No intensive Verhandlunge kommen nei Kollektivverträg

No méi wéi engem Joer un intensive Verhandlungen huet de

OPGEPASST: Den Allergen „Nëss“ ass bei Tartichoc net vermierkt!
Neiegkeeten

OPGEPASST: Den Allergen „Nëss“ ass bei Tartichoc net vermierkt!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet ruffen de Schockelasbotter vun der

Muer kéint et eppes stiermesch ginn

Muer kéint et eppes stiermesch ginn

Fir muer Mëttwoch de 26. August huet MeteoLux den Niveau vun der Alerte fir dat ganzt Land op „Giel“ gesat. Laut de Meteorologe besteet de Risk vu Wandgeschwindegkeeten déi Spëtze vu bis zu 75 Km/h erreeche kënnen. Dat entsprécht der Stuf 9 op der Beaufort-Skala (Stuerm).

Vu „spadséiere goen“ muss ofgerode ginn, besonnesch aus dem Bësch sollt ee sech eraushalen. Mee och Automobilisten an d‘Chauffere vu gréissere Gefierer (déi nach méi Wand-Ugrëffsfläch bidden) sollten sech op dës Konditiounen astellen. Wie kann, deem gëtt gerode Strecke mat vill Beem aus de Féiss ze goen, wëll scho bei Wandstäerkt 6 (40-45 Km/h) ass Virsiicht ugesot.

stiermesch

Bei Stuerm, besonnesch wann dësen a Böen op d‘Gefierer trëfft, kann ee séier aus der Spuer gerode firwat de Leit un d‘Häerz geluecht, d‘Geschwindegkeet ze drosselen. Bei gerénger Vitesse kann ee besser op esou en heftege Wandstouss reagéieren. Op Brécken, Tunnelausfaarten a Bëschschneisen ass der Risk besonnesch ausgepräägt. Motocycliste sollten et guer net eréischt versichen.

En Donneschdeg da sollt et nees méi roueg sinn. Et wäerte wuel vill Wolleken iwwert eise Käpp hänken, an awer misst wäitgoend dréche bleiwen. Mat Temperaturen ënner 20°C ass et net méi ganz esou summerlech a fir e Freideg ass dann och nach mat Reen ze rechnen. Eng fir vill vun eise Bauere gäre gehéiert Noriicht, esou kann ee sech nach Hoffnung op eppes Gréngfudder maachen.

Illustratioun: © Irina Iriser / unsplash

Related topics MeteoLux, Opgepasst, Stuermwarnung, Wand, Warnung, Wieder
Next post Previous post