Search

You may also like

CGFP: Fir eng Reform vun de Reformen
Neiegkeeten

CGFP: Fir eng Reform vun de Reformen

Um Méindegowend hat d‘CGFP zu senger 51. Konferenz vun de

Stock-Car: Sonn a Reen hunn d‘Piloten erausgefuerdert
Neiegkeeten

Stock-Car: Sonn a Reen hunn d‘Piloten erausgefuerdert

Um Sonndeg huet zu Helleng déi zweet Manche vun der

Däitschland wëll de System vun der Organspend reforméieren
Neiegkeeten

Däitschland wëll de System vun der Organspend reforméieren

Et gëtt net genuch Organspenden a déi nächst Woch soll

MeteoLux: Wiederwarnung fir haut a Muer

MeteoLux: Wiederwarnung fir haut a Muer

Eppes Summer hate mir schonn an ee wäert sech wuel och nees zäitno weisen, mee fir haut a muer heescht et sech mat Virsiicht bewaffnen. Wéinst engem onséilegen Déifdrockgebitt dreet eis vun do Uewen eppes Ongemaach. Viru Staarkreen gëtt gewarnt.

Den Niveau vun der Alerte ass „giel“, dat bedeit datt et eng potentiell Gefor besteet. Dës géif laut MeteoLux vun haut 12 Auer bis Mëtternuecht a muer ab 11 Auer bestoen. Jee no Lag, muss mat bis zu 40 Liter/M² Néierschlag gerechent ginn. Dat si dann awer och Quantitéiten, déi Plazeweis zu Iwwerschwemmunge féiere kéinten. D‘Automobiliste sinn deemno opgeruff de Fouss ze hiewen.

Mam Reen ginn och d‘Temperaturen eppes erof. Vu méi wéi 19°C am Schied sollt een haut net ausgoen, a muer kéint esouguer nach en Grëtz méi kill ginn. Ab dem Weekend soll et dann nees besser ginn. MeteoLux ass zouversiichtlech datt sech d‘Sonn nees weist an dat net ze knapps. Ee Sonndeg wiere schonn nees bis zu 25°C méiglech. Eng Geleeënheet fir ee gutt Buch ze liesen?

Related topics Iwwerschwemmungen, MeteoLux, Néierschlag, Staarkreen, Wiederwarnung
Next post Previous post