Eppes vill Verkéiersaccidenter

D‘Stroosse waren iwwert déi lescht Deeg nees eng geféierlech Plaz. Véier verletzte Persounen, dorënner een néngjäregt Meedchen… nëmmen emol war Alkohol mat am Spill.

En éischt Accident mellt Police op en Dënschdeg, wou um 18.45 Auer um CR169 tëscht Leideleng a Steebrécken, en Automobilist d‘Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet, a géint ee Beemchen um Stroosserand geknuppt ass. Dem Chauffer ass heibäi näischt geschitt.

Kuerz virun 19 Auer gouf der Police en Accident an der Munnerefer Strooss zu Beetebuerg gemellt. Hei war eng Foussgängerin vun enger Automobilistin ugestouss ginn. D‘Fra hannert dem Steier huet uginn, d‘Fra op der Héicht vum Zebrasträife wéinst dem schlechte Wieder ze spéit gesinn ze hunn. D‘Foussgängerin gouf vum Säitespigel erwëscht, an heibäi zum Gléck nëmme liicht verwonnt. De CGDIS huet sech ëm d‘Fra gekëmmert.

En Stonn drop ass et an der Pierre Gregoire Strooss zu Péiteng zu engem weideren Accident komm, wou eng Foussgängerin vun engem Auto ugestouss ginn ass. Si hat net esouvill Gléck wéi d‘Damm vu Beetebuerg an ass méi zolidd verletzt ginn. De CGDIS, dee séier op der Plaz war huet d‘Affer op der Plaz noutversuergt an uschléissend zur weiderer Behandlung an d‘Spidol iwwerstallt.

An de fréie Mueresstonne vum 1. Dezember huet et an der Haaptstrooss zu Sëll gerabbelt. Heibäi ass de Chauffer vum Gefier liicht blesséiert ginn. Och wéi war de CGDIS séier op der Plaz fir dem mann zu Hëllef ze kommen. D‘Police huet gläichfalls nom Automobilist gekuckt, deen dunn awer an d‘Spidol gefouert gouf, wou hie verpléischtert ginn ass. Den Alkoholtest war allerdéngs positiv, an de Führerschäin ass agezu ginn.

De leschte Fall féiert op Schieren, wou um Mëttwochmueren ee jonkt Meedche vun néng Joer um Zebrasträifen am „Neie Wee“ ugestouss ginn ass. Den Automobilist huet uginn d‘Kand ze spéit erbléckt ze hunn, an huet trotz Vollbremsung d‘Accident net méi verhënnert kritt. De CGDIS, deen zäiteg op der Plaz huet d‘Meedchen op der Plaz noutversuergt an zur weiderer Behandlung an d‘Spidol iwwerstallt. d‘Police huet Protokoll erstallt.

Dernières nouvelles