Search

You may also like

LLJ Christmas Tour: Mam dekoréierten Trakter bis op Veianen
Neiegkeeten

LLJ Christmas Tour: Mam dekoréierten Trakter bis op Veianen

Datt d’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) wärend

Den Dylan verpasst de Podium nëmme knapp
Neiegkeeten

Den Dylan verpasst de Podium nëmme knapp

Nodeems den Dylan Pereira e Samschdeg zu Mexiko regelrecht „ofgeschoss“

De Leon Faber ass stellvertriedenden exekutiven Direkter vun der ASEF
Neiegkeeten

De Leon Faber ass stellvertriedenden exekutiven Direkter vun der ASEF

Um 11. Juni 2020 ass, bei der Versammlung vun der

Schonn erëm ee Verkéiersdoudegen

Schonn erëm ee Verkéiersdoudegen

Nodeems mir scho Gëschter iwwert ee schwéieren Accident hu misse beriichten, bei deem eng Jonk Damm verstuerwen ass an nach emol néng Leit deels ganz schwéier blesséiert goufen, ass et um Sonndegowend, op en Neits zu engem déidleche Verkéiersaccident komm.

Wéi et aus dem Policebericht ze enthuelen ass, koum gëschter Owend géint 21,15, op der Streck tëscht Useldeng a Rippweiler-Barrière, een Automobilist mat sengem Gefier lénkssäiteg vun der Strooss of an ass am Summerwee géint zwee Beem gerannt. Duerch dëse „Kontakt“ huet sech den Auto widderholl iwwerschloen an ass an engem ugrenzende Maisfeld gelant.

Am Auto haten sech dräi Persoune befonnt, zwou vun hinne goufe schwéier blesséiert, fir dee Jonke Mann (21) aus Rippweiler kkoum leider all Hëllef ze spéit, hien ass nach op der Plaz verstuerwen. Déi blesséiert Persoune sinn no der Noutversuergung an d‘Spidol iwwerstallt. Eng Persoun huet missen noutoperéiert ginn. De Miess- an Erkennungsdéngscht féiert d‘Enquête zur Onfallursaach.

Foto(en): © Police Grand-Ducale

Related topics CGDIS, Doudesaffer, Police, Policebericht, Verkéiersaccident
Next post Previous post