Search

You may also like

“Mir sinn eis eens, datt mir eis net eens sinn.”
International Neiegkeeten

“Mir sinn eis eens, datt mir eis net eens sinn.”

Den 19. Mee 2020 waren de SPEBS an d’APCCA, no

De Simpsons hier Vue op 100 Deeg Donald Trump
International Neiegkeeten

De Simpsons hier Vue op 100 Deeg Donald Trump

Däitschland: Zoff tëscht de konservative Schwësterparteien
International Neiegkeeten

Däitschland: Zoff tëscht de konservative Schwësterparteien

Zrécktrieden oder bleiwen? Tëscht dem däitschen Inneminister Horst Seehofer (CSU)

Wat wa Kassetten erëm a Moud wieren?

Wat wa Kassetten erëm a Moud wieren?

De Lou Ottens, den Erfinder vun de Kassetten ass dout. E Verschwannen, dat bei ville Mënschen Erënnerungen erwächt… Technologesch wéi och musikalesch.

Et ass eng Zäit déi ënner 20-järeger net kennen. Déi, bei där mir eis gefreet hunn eng Kassett an den Autosradio ze stiechen, fir en Ausfluch ze maachen. Hautdesdaags ass schonns d‘CD aus der Moud. Wa mir haut dovunner schwätzen, da well den Lodewijk Frederik „Lou“ Ottens dout ass. Elo ass de fréieren Direkter vu Philips Audio mat 94 Joer verstuerwen, hien hat d’Magnéitkassetten erfonnt an dat am Joer 1964.

Et huet net laang gedauert fir d’Begeeschterung erëm wakereg ze këddelen a wie weess, d’Moud nei opliewen ze loossen. Alles wat eis un eis Jugend erënnert mécht ons dacks Loscht, si op den neiste Stand ze bréngen, wann esou eppes passéiert. D’Kassett ass en Liewensofschnëtt an ett ass de Walkman, deen als Ënnerstëtzung déngt wa mir lafen, et ass de Bic, dee mir an d’Lächer stiechen, fir en zeréckzespillen. Mir hunn Stonnen domat verbruecht Musekssendungen ze lauschtere fir opzehuelen. An d‘Kassett huet zwou Säiten… E bësse wéi de Mënsch.

Et war 1952, wéi de Lou Ottens bei Philips ukomm ass. Bannent wéinege Joren ass hien d’Leeder eropgeklommen an am Joer 1960 huet hien d’Leedung vun der Produktentwécklung iwwerholl. Hien a säin Team hunn 1961 den éischte portabele Magnetophon entwéckelt. Hie war awer mam Resultat net zefridden, huet den Apparat als ze ëmständlech fonnt. Dofir hunn si beschloss, en neit Produkt hierzestellen, wat an eng Jackettstäsch passe sollt.

De Magnetophon gouf miniaturiséiert, d‘Ridercherder an en Etui agesat, an déi éischt Audiokassett gouf 1963 erstallt. Et war eng Erfindung, déi den Zougang zu der Musek erliichteren an d’Lauschtere revolutionéier e sollt. Am Joer 2011 ass den Lou Ottens an Film “En dokumentarescht Mixtape” dobäi gewiescht. “Mir hunn erwaart, datt et en Erfolleg gëtt, awer keng Revolutioun”, sot hien.

Säi gréisst Bedauere war, datt hien de Walkman net erfonnt huet, dat waren d‘Japaner. Dofir huet hien d’Musekswelt weider markéiert, a war un der Entwécklung vu kompakt Disk (CD) bedeelegt. Dës koumen an den 80er eraus. Dat war e weidere globalen Erfolleg, se gouf bis haut méi wéi 200 Milliarde mol verkaf. An dat weltwäit.

D’Kassett war séier ofgenotzt, de Lou Ottens sot 2008 an engem hollänneschen Interview mat der Zeitung NRC Handesblad, datt näischt mam Klang vun enger CD mathale kéint.

Christophe Nadin, mental.lu

Illustratioun: © Hosein Zanbori / unsplash

Related topics Audiokassett, Erfinder, Lodewijk Frederik „Lou“ Ottens, Musék, Philipps
Next post Previous post