Search

You may also like

Bolivien versenkt am Chaos, den Evo Morales ass op der Flucht…
Geek International Neiegkeeten

Bolivien versenkt am Chaos, den Evo Morales ass op der Flucht…

Nodeems de bolivianesche President Evo Morales sech dem Drock vun

money
ULC a KPL si sech eens
Geek International Neiegkeeten

ULC a KPL si sech eens

De leschte Méindeg huet et um Sëtz vun der KPL

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!
Geek International Neiegkeeten

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!

Et ass eng Problematik, déi hei zu Lëtzebuerg just wéinege

geek

Hacker sinn och just um Fric interesséiert…

Ufank Juli hu sougenannt „Internet-Piraten“ d‘Entreprise Kaseya geknackt, an d‘Software REvil iwwert de Reseau VSA un d‘Cliente verdeelt

Hacker sinn och just um Fric interesséiert…

Nodeems den 2. Juli Kaseya – eng Entreprise déi de Cliente Softwaregestiounsprogrammer am Reseau ubitt – huet misse melle, datt si d‘Affer vun enger Hackerattack ginn ass, huet et nees eppes politesch Opreegung. Et ass richteg, datt d‘Verdeele vun der Malware Revil (aka Sodinokibi.exe) iwwert de Logiciel VSA, getarnt als Update, scho krass ass…

Fir Kaseya ass awer offiziell alles nëmmen hallef esou schlëmm. Just eng 50 Cliente vu 35.000 wiere vum Ugrëff betraff, esou d‘Entreprise. Bezunn op seng eege Cliente wier dat esou stëmmeg, woubäi d‘Cliente vu Kaseya si selwer sougenannt Déngschtleeschter. Si hunn de Computervirus also weider verbreet, firwat d‘Experten och éischter vun enger Millioun geschiedegten ausginn.

D‘Hacker awer si keng Onmënschen, grad si wësse jo wéi wichteg de Computer an besonnesch den Zougrëff op déi eegen Date sinn. Elo hunn si awer vill Opwand bedriwwen a sinn wuel ee puer Risiken agaangen, firwat si dann elo Usproch op eng Entschiedegung erhiewen. Ee klengen Obolus fir vläicht ee richteg Code ze kréien, mat deem dann nees déi eegen Daten entschlësselt ginn.

Kaseya

Si verlaangen eng global Zomm an héicht vu 70 Milliounen US$, also elo net wierklech dat wat ee bezunn op eng Millioun infizéiert Apparater kéint als iwwerdriwwe bezeechnen. Zudeem hätten si all d‘US-Policen och ouni Geldfuerderung op der Panz. Méi speziell sinn et elo den FBI an d‘CISA déi sech fir d‘Hacker interesséieren, woubäi jo scho längst gewosst ass, datt et Russe sinn.

Et ass no 2019 schonn déi zweet ganz erfollegräich Attack géint Kaseya, wou een da wuel vergiess hat seng Hausaufgaben ze maachen. Dat alles erënnert dach staark un de SolarWinds Sécherheet-Fiasko. D‘US-Entreprise, déi zwar de facto vu Florida aus operéiert, huet hiren offizielle Sëtz an Irland, firwat dann déi europäesch Autoritéiten sech elo och fir de Fall „Kaseya“ interesséieren.

mat indymedia/sfo/ber/lon

Illustratioun: © Eric McLean / unsplash

Related topics CISA, Computervirus, Cyberkriminalitéit, FBI, Hacker, Kaseya, Malware
Next post Previous post