Search

You may also like

D’N5 kritt en neie Stroossebelag (Aarbechten vum 4.-6.07.2020)
International Neiegkeeten

D’N5 kritt en neie Stroossebelag (Aarbechten vum 4.-6.07.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt de Stroossebelag vun der N5 (Route de

Fält National Feierdag aus? Zwar net!
International Neiegkeeten

Fält National Feierdag aus? Zwar net!

Gutt grouss Party an honnertdausende Mënsche wëll dëst Joer keen

Zesummegefaasst: Wat ass elo wou an zu wéi vill erlaabt?
International Neiegkeeten

Zesummegefaasst: Wat ass elo wou an zu wéi vill erlaabt?

Nodeems bei der Chambersitzung vum 8. Januar dat neit Covid-Gesetz

Erfollegräich Cyberattack géint d‘USA

Mat engem grouss ugeluechten Ugrëff konnten Hacker onerkannt op sensibel Netzwierker zougräifen

Erfollegräich Cyberattack géint d‘USA

Wéi den Angus King, Senateur vum Maine a Member vum Geheimdéngschtausschoss, gëschter bei CNN seng esou erstaunt wéi veriergert Visage an d‘Kamera gehalen huet, war direkt kloer, datt hei d‘USA nees eng Katastrophe mussen erlieft hunn. An och den exstellvertriedende Chef vum FBI, Andrew McCabe huet gemengt, datt een esou eppes nach net erlieft hätt…

Wat ass geschitt?

Zanter gëschter ass gewosst, datt Hacker säit Mäerz d‘Server an d‘Netzwierker an den USA ënner Beschlag geholl hunn an d‘Autoritéite keng Anung wat se maache sollen. Déi stellen dat zwar elo nach eppes anescht duer, mee am grousse Ganzen ass et awer genee dat. An et muss scho richteg elle sinn, wann sech d‘Verwaltung fir Cyber- an Infrastruktursécherheet (CISA) vun der Homeland Security (Heemechtschutzministère) op hirer Homepage esou oppen zum Problem äussert.

Aus der Warnung vun der CISA geet ervir, datt hei eng eescht Gefor besteet an et immens schwéier bis héich komplex wäert ginn, sech dem oder den Ugräifer ze entleedegen. Et heescht och, dat sech den oder déi Täter vill Gedold, operativ Sécherheet a grouss Handwierkskonscht bewisen hunn. An d‘Gefor besteet fir déi federal Regierung, d‘Regierunge vun de Bundesstaaten, d‘Gemengen a méi generell sensibel Infrastrukturen, och am Privatsecteur.

No néng Méint schéngen d‘Experten nach ëmmer net wierklech eng Anung ze hunn vun deem wat hei amgaangen ass ofzelafen. Sécher ass, datt den US-Finanzministère „gestiermt“ gouf, och ob de Server vum US-Energieministère ass zougegraff ginn. Natierlech erzielen d‘Amerikaner net op wéi eng Déngschter an Daten zougegraff ginn ass. Datt se awer iwwerhaapt dovunner beriichten, ass ee gudden Hiwäis dorobber, datt et richteg krass muss zougaange sinn. Mee wie stécht derhannert?

Keng Fantasie…

Datt dat Ganzt ëffentlech gemaach gouf, huet näischt mam Regimewiessel an den USA ze dinn, et waren nees d‘Medien, déi alles opgedeckt haten an dem Heemechtschutzministère keng aner Wiel gelooss hunn, wéi d‘Kaart vun der Transparenz ze spillen. De Joe Biden huet sech mediewierksam un d‘Vollek gewannt an erkläert, datt ënnert senger Regierung „esou eppes net onbeäntwert géif bleiwen an déi Verantwortlech an Ofstëmmung mat den Alliéierten zur Rechenschaft gezu géifen.

Gutt, den 78 järegen huet strikt keng Anung wourëms et bei enger Cyberattack geet, a verléisst sech hei intuitiv op seng Conseilleren. Dat trëfft esou och op 98% vun de „Politiker“ am Kongress zou, wou elo Kommissioune mat Enquêten an Ermëttlunge beschäftegt ginn. Eng grouss Geleeënheet fir Microsoft. De President vum Softwarekonzern Brad Smith, op PBS: „Dat huet eis Wirtschaft engem Risiko ausgesat an eis national Sécherheet a Gefor bruecht“. Mee wat weess hien dovunner?

Als geséchert gëllt – esou hire Standpunkt – dat Hacker mëttels Softwareaktualiséierungen iwwert d‘IT-Firma SolarWinds Zougang zu IT-Systemer erhalen hunn. Et wieren 18.000 Entreprisen op der ganzer Welt betraff. Méiglech wier awer och, datt d‘Hacker nach aner Weeër benotzt hunn, an et och méi betraffen Entreprise gëtt. Jo et gëtt esouguer ugedeit, datt d‘Hacker Zougrëff op Date vun der Atomsécherheetsverwaltung (déi geréieren och d‘Atomwaffen) haten. Kee klenge Schäiss…

Uschëllegungen awer keng Beweiser

An den USA, wou Dommheet an Iwwerhieflechkeet schéngen ee Pakt fir d‘Éiwegkeet gemaach ze hunn, weess een natierlech mat 100% Sécherheet, datt hannert esou enger Aktioun nëmmen ee Feind stieche kann: de Russ! Den Zar Vladimir Putin, personaliséierten Däiwel a besonnesch fir d‘US-Vollek en ideelle „Staatsfeind“ huet dat alles orchestréiert… Moskau huet allerdéngs schonn emol preventiv en Dementi erausginn, an et wäert sech am Kreml wuel och eppes gefreet gi sinn.

Interessant och, datt den Donald Trump bis ewell näischt gesot huet. Ass hie vläicht enttäuscht datt et net d‘Chinesen, méiglecherweis esouguer direkt Huawei sinn, déi hannert dësem „Besuch“ an de staatlechen Datebanken an Netzwierker stiechen? A firwat net den Iran? Och Israel huet an dësem Beräich gutt Kenntnisser. Nee eng Anung hu se wéi schonn am Fall Saddam Hussein absolutt guer keng, et alles Spekulatioun. Dat ass den „american way“ an et gëtt ze vill Leit déi dat gutt fannen.

Wien néng Méint brauch fir virun enger Cyberattack ze warnen, ouni iergendwellech Beweiser op en Täter weist, an eigentlech Primär vun der eegener Dommheet ofzelenke versicht, weist och wou et klemmt. Och zu Lëtzebuerg gëtt déi staatlech Cybersécherheet vu Söldner aus dem Privatsecteur assuréiert. Also vu Mënschen déi alleguerte mat engem „Präisschëld“ op der Stir ronderëmlafen an nëmmen dem eegene Bankkonto verflicht sinn. A méi Sécherheetslücke brauch et eigentlech net…

mat indymedia/nyc

Illustratioun: Net nëmmen d‘Russen hunn ee berechtegt Interessi drun, den USA de Fouss ze setzen an se blouss ze stellen. Mee gutt d‘Amerikaner kennen ausser de Russe just d‘Iraner als Feindbild, an den Iraner schéngt den US-Geheimdéngscht esouvill Wëssen a Kompetenz net zouzetrauen. © Farzad Nazifi / unsplash

Related topics CISA, Cyberattack, Cybersécherheet, Homeland Security, Microsoft, SolarWinds, USA
Next post Previous post