Search

You may also like

D’Summerschoul vun der Nationalbibliothéik war
Neiegkeeten

D’Summerschoul vun der Nationalbibliothéik war

Vum 2. bis de 6. August 2021 huet d’Summerschoul vun

Wat ass lass, Europa?
Neiegkeeten

Wat ass lass, Europa?

Fir de President vun der Studentenorganisatioun ACEL, Sven Bettendorf, ass

Nordkorea: Dem Kim seng Rakéiten
Neiegkeeten

Nordkorea: Dem Kim seng Rakéiten

Laut Informatioune vum Etat-Major vun der südkoreanescher Arméi, sollen um

Erfollegräiche Start fir d’Schueberfouer

Erfollegräiche Start fir d’Schueberfouer

Scho no puer Deeg ass kloer, d’Fouer ass en Erfolleg. Dat gutt Wieder esou wéi eisen ëffentlechen Transport hunn dozou bäigedroen dass méi wei e véierel vun eiser Populatioun de Wee op d’Fouer fonnt hunn, erzielen eis d‘Kiermesleit bei hirem Pressepunkt um Méindeg Moien.

Duerch déi nei Tramslinn gouf de Wee fir op d’Fouer däitlech vereinfacht sou muss een net méi stonnelaang no enger Parkplaz sichen oder op de Bus waarden, vue dass den Tram quasi direkt bei der Fouer hält. Virun allem ass dat eng flott Alternativ well den Tram gratis während der Fouerzäit fiert.

Och hannert de Kulisse feelt et net un Leit, eng ronn 5.000 Mataarbechter gi gebraucht fir déi ganz Fuergeschäfter opzeriichten an ze ënnerhalen. Natierlech dierf een net vergiesse wéi e groussen Opwand an Aarbecht hannert deem ganze Spaass fir d’Leit stécht. Dat ass och berechtegt wann ee bedenkt dass d’Fouer eng Fläch vu bis zu 4,4 ha huet.

d’Schueberfouer

Vill Spaass gëtt engem beispillsweis op um Spill „Infinity“ gebueden, also wann e sech gären eppes méi duerchrësele léisst. © Martine de Lagardère/moien.lu

Natierlech gëtt op der Schueberfouer och „Sécherheet“ grouss geschriwwen, während de ganzen Dag gëtt dofir gesuergt datt Visiteuren en agreabelen Openthalt hunn.

Et gouf nach annoncéiert dass haut Dënschdeg (28.08) den traditionelle Buergermeeschterdag ass, de Familljendag ass dann e Mëttwoch (29.08), hei kritt e bal alles zum hallwe Präis. En Donneschdeg (30.08)ass Wäikinniginnendag.

Nei agefouert gouf “d‘Journée de la Solidaritéit” (31.08), wou d’Gemengeconseilleren Artikele fir en gudden Zweck verkafen. Och fir d’Refugiéeën hunn eis Forainen en Häerz. Dofir hu si déi jéngst och agelueden, e schéinen Dag op der Schueberfouer ze erliewen. Den Ofschloss vun dëser Woch mëscht de Fouersonndeg.

Eng komplett Lescht vun allen Spiller, Restauranten, Parkplazen an aner praktesch Informatioune kennt dir op der Internetsäit www.fouer.lu fannen oder op der Applikatioun vun der Schueberfouer.

Foto: Bei der Pressekonferenz vun de Forainen, war vill Interessantes beriicht ginn. Esou wësse mir elo, datt am Duerchschnëtt ronn 100.000 Leit all Dag op d‘Fouer ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Forainen, Marc Weydert, Patrick Goldschmidt, Schueberfouer 2018, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post