Search

You may also like

Grouss Tuning-Kontroll op der Kockelscheier
Neiegkeeten

Grouss Tuning-Kontroll op der Kockelscheier

An de leschte Woche koum et des Ëfteren zu gréisseren

Editorial: IT-Expert Eugène Berger
Neiegkeeten

Editorial: IT-Expert Eugène Berger

Stell der vir et ass Chamberssëtzung a kee Mënsch interesséiert

Wann ee mat Sue kee Geld méi verdénge kann, muss um Personal gespuert ginn
Neiegkeeten

Wann ee mat Sue kee Geld méi verdénge kann, muss um Personal gespuert ginn

De Verband vun de Banken a Banquieren (ABBL) déi um

De Vaccin kann och erfreelech Niewewierkungen hunn

De Gesondheetsministère deelt mat, datt et elo dräi Lëschten huet, op deenen sech interesséiert Bierger aschreiwe kënnen, fir hir Impfung géint de Covid19 ze kréien

De Vaccin kann och erfreelech Niewewierkungen hunn

Et ass net esou, datt kee méi säi Rendez-vous géif wëllen, d‘Impfcampagne ass weiderhi ganz gutt ënnerwee. Dat verhënnert net, datt et nach ka besser ginn, firwat elo Mënschen ab 18 Joer, sech op dräi Lëschte kënnen androe fir en Termin ze kréien. Och d‘Grenzgänger sinn elo ageluede vun dëser Offer gebrauch ze maachen.

Nodeems déi lescht Woch d‘Phas 6 vun der Impfcampagne zum Ofschloss bruecht gouf, bitt et sech un, méi Waardelëschten opzemaachen. Dat soll engersäits deenen déi aus zäitlechen an/oder eligibele Grënn nach net konnten en Termin unhuelen, wéi och deenen nach onentschlossenen zu eppes weiderer Motivatioun gereechen. D‘Lëschte gi muer Méindeg op impfen.lu opgemaach.

Hei kann een dann tëscht dräi Impfstoffer wielen:

  • AstraZeneca (Vaxzevria) – dat ass ee Vektor-Vaccin
  • Moderne a Pfizer/Biontech – dat ass den mRNA-Vaccin
  • Johnson & Johnson (Janssen)

Wien sech hei aschreift kritt da vum Gesondheetsministère eng schrëftlech Aluedung/Termin mat der Post zougestallt. An dësem Schreiwes huet et eng detailléiert Beschreiwung vun der Demarche fir sech dann den endgültege Rendez-vous an engem vun den am Land opgestallten Impfzenter ze kropen. Et gëtt de Leit um Telefon 2476 5533 zudeem eng personaliséiert Assistenz ugebueden.

Dës Waardelëschte sinn och fir d‘Frontalieren an/oder d‘Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen, do awer keen Accès zur Vaccinatioun hunn, opgemaach ginn. Dës Decisioun vun der Regierung bezitt sech op de Wonsch, alle Mënschen déi hire Rendez-vous net honoréiere konnten, eng zweet Chance ze ginn, sech awer nach fräiwëlleg impfen ze loossen.

Illustratioun: Am Frankräich hu se sech eng flott Campagne afale gelooss.

Related topics AstraZeneca, Gesondheetsministère, Impfcampagne, Impfstoff, Impfstrategie, Janssen, Moderna, Pfizer/Biontech, Waardelëscht
Next post Previous post