Search

You may also like

Restopolis an der Kritik
Meenung

Restopolis an der Kritik

Streng geholl, ass d‘Entreprise „Food House“, déi vu Restopolis (ee

De Jean Asselborn huet um Findel 14 Flüchtlingen empfaangen
Meenung

De Jean Asselborn huet um Findel 14 Flüchtlingen empfaangen

Nodeems den Ausseminister Jean Asselborn vum ADR opgefuerdert gouf säin

money
Eng Loftfaartlegend gëtt zu Graf gedroen
Meenung

Eng Loftfaartlegend gëtt zu Graf gedroen

1969 huet den éischte Jumbo-Jet 747 den Himmel eruewert. De

Editorial: Ka sech Lëtzebuerg eng Erhéijung vum Mindestloun leeschten?

Editorial: Ka sech Lëtzebuerg eng Erhéijung vum Mindestloun leeschten?

2018 sinn zu Lëtzebuerg Chamberwahlen an nieft dem Dauerthema „Logement“ sollt och de Mindestloun am Wahlkampf eng net onwichteg Roll spillen. Den OGBL an den Aarbechtsminister Nicolas Schmit setzen sech an vir eng Erhéijung, d‘Handelskummer an de Xavier Bettel gesinn dat anescht.

D‘Fuerderung vum OGBL de Mindestloun ëm 10% ze hiewen, wat fir de Salarié e Plus vu ronn 170 Euro an der Paitut géif ausmaachen, kléngt gutt, dierft awer kaum ëmzesetze sinn. Och wann den Aarbechtsminister sech hannert dës Fuerderunge stellt, esou muss ee sech awer am klore sinn, datt et fir esou eng Mesure keng politesch Majoritéit gëtt.

Et ass dann och ersiichtlech, datt vun engem méi héije Mindestloun, an éischter Linn d‘Frontaliere profitéieren dierften, scho well se aner Liewenskäschten hunn, wéi e Resident. Domatter ass d‘Ausso vum Carlo Thelen, datt d‘Erhéijung vum Mindestloun net d‘Kafkraaft stäerkt, zumindest am Usaz richteg, bezunn op de Mindestlounbezéier deen zu Lëtzebuerg wunnt.

Datt awer grad déi „kleng Menagen“ net solle vun der gudder konjunktureller Lag dierfen eppes ofkréien, well et zu laaschte vum „Profit“ an der Kompetitivitéit géif goen, ass eendeiteg ongerecht. Och déi Leit mat enger sougenannter niddreger Qualifikatioun leeschten, grad wéi déi „Qualifizéiert“ hire wirtschaftleche Bäitrag.

An de Leit Angscht ze maachen, well eng Erhéijung vum Mindestloun dozou géif féieren, datt manner nei Plaze geschafe ginn, ass mam Feier gespillt. D‘Gewerkschaften dierften dat als Erausfuerderung gesinn, a de Fall gesat et géif – wann och nëmme Plazeweis – zum Streik kommen, ass et mat der „Kompetitivitéit“ och net méi wäit hir.

Interessant dierft et also ginn, déi ënnerschiddlech Positioune vun de politesche Parteien an dësem Kontext ze analyséieren. Et geet ëmmerhin op d‘Chamberwahlen zou, a wann sech d‘Sozialiste kloer fir eng Erhéijung vum Mindestloun sollten ausdrécken, sinn se dann nach e potentielle Koalitiounspartner fir d‘Demokraten an déi Gréng? A wéi steet d‘CSV zu Mindestloun?

Do stellt sech och ganz kloer d‘Fro, wéi eng Roll déi verschidde Gewerkschafte wäerte spillen. Den OGBL huet sech jo däitlech ausgedréckt, vum LCGB war nach net vill ze héieren an iergendwéi ginn ech den Androck net lass, datt d‘CGFP sech net betraff fillt. Géif et elo awer bei de Gewerkschaften esou eppes ewéi e Konsens, wier ee schonn emol e ganze Schratt weider.

Related topics CGFP, Handelskummer, LCGB, Mindestloun, Nicolas Schmit, OGBL
Next post Previous post