Search

You may also like

Ungarn: Nei Gesetzer zu Aarbechtszäit a Justiz
Money Neiegkeeten

Ungarn: Nei Gesetzer zu Aarbechtszäit a Justiz

Am ungaresche Parlament sinn e Mëttwoch déi kontroverséiert Gesetzprojeten zu

Vereedegung vu 4 Membere bei der Police
Money Neiegkeeten

Vereedegung vu 4 Membere bei der Police

Gëschter huet den Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet, véier

BnL: Een Uert fir den intellektuelle Patrimoine, Autonomie an Inclusioun
Money Neiegkeeten

BnL: Een Uert fir den intellektuelle Patrimoine, Autonomie an Inclusioun

Nach bis de 25. Abrëll 2020 bitt d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL)

money

Erhéijung vum soziale Mindestloun ëm 100€!

Erhéijung vum soziale Mindestloun ëm 100€!

De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna, sou wéi de Minister fir Aarbecht a Beschäftegung, Sozial- a Solidarwirtschaft, den Dan Kersch hunn gëschter d’Moossnamen zur Erhéijung vum soziale Mindestloun presentéiert.

De Koalitiounsaccord gesäit vir, datt de Salaire vun Empfänger vum soziale Mindestloun ëm 100 € an d’Luucht geet, an dat mat réckwierkendem Effekt vum 1. Januar 2019 un. Fir d’Realisatioun vum Ziel setzt de Gesetzesprojet N°7416, de vum Aarbechtsminister a Matwierkenden den 1. Mäerz 2019 an der Chamber virgestallt ginn ass, als éischt eng réckwierkend Erhéijung vun 0,9% vum 1. Januar 2019 fest. Dës 0,9% fügen sech an d’Erhéijung vun 1,10% am Gesetz vum 21. Dezember 2018 an.

Esou geet de soziale Mindestloun Brutto a réckwierkend op den 1. Januar 2019 ëm 41,21 € fir den onqualifizéierte Salaire an 49,45 € fir de qualifizéierte Salaire an d’Luucht. Fir op een Netto-Betrag vun 100 € ze kommen huet de Staat een neie Steierkredit (CISSM) agefouert.

Dëse CISSM ass just un Salariée geriicht, deenen hire Betrag vun der Paie no um soziale Mindestloun ass. De Kredit gëtt all Mound, zesumme mam Salaire iwwerwisen, woubäi och ob d’Steieren op der Fiche de Retenue d’Impôt opgepasst gëtt.

mindestloun

De Finanzminister Pierre Gramegna © MFIN

Fir datt all Persounen, déi liicht iwwert dem soziale Mindestloun verdéngen, heibäi net ausgeschloss gi kënnen si vun enger liicht méi gerénger Netto-Bezuelung profitéieren, wéi déijéineg mam aktuelle soziale Mindestloun. Esou soll den CISSM linear vu 70 op 0 € verréngert gi fir Leit, déi all Mount méi wéi 2.500 bis 3.000 € brutto verdéngen. Sollt de Salarié net a Vollzäit schaffen, esou gëtt den CISSM proportionell un d’Aarbechtsstonnen ugepasst.

De Finanzminister kommentéiert: „D’Erhéijung vun 100 € Netto vum soziale Mindestloun wäert spierbar d’Kafkraaft vun de concernéierte Persoune stäerken. Et dréit esou dozou bäi déi inlännesch Nofro ze stäerken an nei Recette fir de Staat ze schafen.“ Den Aarbechtsminister Dan Kersch ergänzt dës Thes folgendermoossen: „Ech freeë mech iwwert dës Moossnam, déi net just de sozialen Zesummenhalt an eiser Gesellschaft stäerkt, mee och eng Unerkennung vun der geleeschter alldeeglecher Aarbecht vun de Persounen, déi dovu profitéiere wäerte, bedeit.“

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Dan Kersch, Minister fir Aarbecht a Beschäftegung, Sozial- a Solidarwirtschaft; Pierre Gramegna, Finanzminister © MFIN

Related topics 100 €, CISSM, Dan Kersch, Finanzminister, Pierre Gramegna, soziale Mindestloun
Next post Previous post