Search

You may also like

Reform vun der Ausbildung vun den Gesondheetsberuffer: Gebastelts à la sauce luxembourgeoise…!
Neiegkeeten Web

Reform vun der Ausbildung vun den Gesondheetsberuffer: Gebastelts à la sauce luxembourgeoise…!

D’ALEPS, d’Association Luxembourgeoise des Enseignants Pour Professions de Santé asbl,

Duda gewënnt Stéchwahl a Polen
Neiegkeeten Web

Duda gewënnt Stéchwahl a Polen

Et huet eppes gedauert bis se a Polen d‘Stëmmen ausgezielt

Florida: 3 Doudeger bei Schéisserei zu Jacksonville
Neiegkeeten Web

Florida: 3 Doudeger bei Schéisserei zu Jacksonville

Wéi d‘Police matgedeelt huet, si während engem Videospill-Tournoi zwou Persounen

Zumindest weess elo jidderee wien den Eric ass

Vun engem YouTuber mat interessanten Usiichten an Podcast-Produzenten déi se verbreeden

Zumindest weess elo jidderee wien den Eric ass

Wa vu YouTuber a Podcast-Produzente riets ass, ass een zimmlech sécher am „Influenzer-Beräich“ ënnerwee a streng geholl, ginn déi allermeeschte Saachen un den Erwuessenen onbemierkt laanscht firwat sech och éischter jonk Generatiounen, mat dëser neier „Informatiounsquell“ ausenanersetzen.

An deen op YouTube vu 539 „Suscriber“ verfollegte Podcast-Kanal „Gëlle Fro“ hat dann och Ufank Dezember den Eric Rolgen alias „Kontroverste YouTuber aus Lëtzebuerg“, dee seng Follower gären emol mat „Moien där Pisser“ begréisst, zu Gaascht. De 5. Dezember ass dann d‘Entrevue tëscht de „Gëlle Fro“ Produzenten an dem Eric Rolgen online gaangen, an huet dat erwënschten Zil getraff.

Eric

Si wollten op sech opmierksam maachen, an dat ass hinne mat dësem Gaascht dann och gelongen. Et huet gemälleg ugefaangen, an esou ass dann emol laang a breet iwwert den Notze vu soziale Medien an der Politik gebraddelt ginn, iert den esou engagéierte wéi manéierlechen Eric Rolgen, iwwert seng Erfarungen am Enseignement geschwat huet. 18 Méint als „Ersatz“ an senger Gemeng Déifferdeng ënnerwee, de Mann wousst wéi eng Punkten ervirzehiewe waren, an huet se genannt.

Eric

Hien huet op säi Stonneloun higewisen, festgehalen datt d‘Kanner (zumindest déi wou hie begéint huet) schlecht erzu sinn an niewebäi och nach eng Mamm beleidegt. D‘Kommentaren ënnert dem YouTube-Post sinn den Ausféierunge vum Eric Rolgen ugepasst, an déi schéngen hir Wierkung net verpasst ze hunn. Den 11. Dezember, huet de Blogger eng 10 minuttelaang Entschëllegung gepost.

Eric

Och de Schäfferot vun der Gemeng Déifferdeng huet missen – nodeems de Clip seng Ronne gedréit a fir Gedauschs gesuergt hat – zum Eric sengen Aussoen eng Positioun anhuelen. Esou ginn dem YouTuber seng Aussoen op dat schäerfst veruerteelt an et gëtt eng zolidd Entschëllegung vum jonke Mann agefuerdert. Sollt den Eric Rolgen dëser Opfuerderung net nokommen, da géif een sech fir juristesch Schrëtter decidéieren. An tatsächlech géif et do genuch, dat him sollt Suerge maachen.

Eric

A sengem Video „Méi hunn ech zu deem Thema net méi ze soen…“ erkläert den Eric Rolgen, datt hien am „Gëlle Fro“ Podcast net ausschwätze gelooss gouf, een him ëmmer nees an d‘Wuert gefall wier, firwat seng Aussoen, bezunn op säi Job als Aushëllef, du falsch interpretéiert goufen. Mat kenger Silb hätt hien de Verdacht wëllen opkomme loossen, datt Enseignante näischt géife schaffen.

Natierlech wéilten elo déi sougenannt etabléiert Medien och gäre mam Eric Rolgen direkt schwätze fir den Hype matzehuelen, a dem drolege Gesell d‘Geleeënheet ginn, dat ausgehuewent Laach nach eppes méi déif ze maachen. Mee dee schéngt, vläicht och wëll d‘Gemeng de juristeschen Hummer geschwongen huet, gewëllt elo emol iwwer dat ganzt Graas wuessen ze loossen. Fir komplett ze sinn, muss nach drop higewise ginn, datt et awer och genuch Leit huet, déi him wëlle Recht ginn.

Eric
Related topics Beleidegungen, Blogger, Déifferdeng, Eric Rolgen, Gëlle Fro, Podcast, Youtube
Next post Previous post