Search

You may also like

D’Hôpitaux Robert Schuman informéieren elo och iwwert TikTok
Neiegkeeten

D’Hôpitaux Robert Schuman informéieren elo och iwwert TikTok

Op diverse sozialen Netzwierker loossen déi Professionell vun den Hôpitaux

Nowuess an der groussherzoglecher Famill – Hei ass de Prënz Charles!
Neiegkeeten

Nowuess an der groussherzoglecher Famill – Hei ass de Prënz Charles!

Um 10. Mee 2020 ass de Prënz Charles Jean Philippe

De Lëtzebuerger Hunnegbéier
Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Hunnegbéier

Wann den Hunnegbéier elo net direkt eng „Nouveautéit“ ass, esou

Erliefnisbericht vum ING Marathon 2019

En Erliefnisbericht aus der Siicht vun engem "Helferlein"

Leschte Samschdeg war nees den ING Marathon an der Stad. Och déi 14. Editioun vun dësem scho bal traditionellen Nuetsmarathon war nees e groussen Erfolleg. Dëst ass och deene ganze Fräiwëllegen a Veräiner ze verdanken, déi un dësem Dag eng kräfteg Hand mat ugepaakt hunn. Dësen Erliefnisbericht soll eng Kéier déi aner Säit vum ING Marathon beliichten, also aus der Perspektiv vun engem “Helferlein” berichten.

Vill Veräiner kréien um ING Marathon d’Méiglechkeet fir hir Veräinskeess e wéineg ze fëllen. Dat zum Beispill andeem se en Iess- oder Gedrénksstand bedreiwen. D’Plaze gi vum Veranstalter verdeelt a Bedéngung fir matzemaachen ass, datt ee Leit zur Verfügung stellt, déi den Dag selwer (oder mat Ausnamen den Dag drop) bei der Ausféierung vum Marathon hëllefen.

Unhand vum Beispill vum Club “Lëtzebuerg Lacrosse” gëtt hei de Versuch gestart, d’Erliefnisser vun deem Dag aus enger ganz perséinlecher Perspektiv erëmzeginn. Wärend ech beim Iess- a Gedrénksstand zum Asaz kommen, si meng aner Kollegen als “Feldmarschall” gefrot, fir de Leefer e séchere Pilier op hirem Marathon ze sinn.

ING Marathon

© Melvin Hatto/moien.lu

8:30

De Wecker schellt. Zack! Snooze – nëmmen nach fënnef Minutten. Et ass een nawell méi midd wéi geduecht. Vläicht wier et awer besser gewiescht, wann ech gëschter Owend e bëssen éischter vun der Gebuertsdagsfeier Heem gaange wier. Ach, dat geet schonn.

10:00

Huch, dat waren awer elo laang fënnef Minutten… Ech muss mech elo tommelen, gläich solle mer d’Material fir eise Stand mat der Camionnette a mat den Autoe bis op de Glacis féieren. Ech hoffen, d’Stroosse sinn nach net all gespaart. Elo awer séier! Wat brauch ech haut alles? Bei dësem Wieder léiwer mol zwee frësch T-Shirten, mäi Bidon an – ganz wichteg – meng Schaffhändschen. Déi dinn ech iwwregens fir all Klengegkeet un, déi ech sou zwaffen. Ëmmerhin brauch ech meng Hänn op der Aarbecht fir an d’Tastatur ze haen. Sonnecrème brauch ech natierlech net (jo jo, d’Resultat wäert een duerno gesinn). Wat fir Schong soll ech dann undoen? Ech lafen zwar – Gott sei Dank – net mat, ma Turnschlappen erschénge mer fir dës Occasioun awer als passend.

11:15

Um Glacis ukomm gëtt direkt lassgeluecht! Also dat war emol de Plang. Ma d’Këscht mat de Bänken an Dëscher vun der Stad Lëtzebuerg geet awer grad net op – et hänkt e Schlass drun an déi Responsabel vun der Gemeng brauchen nach e bëssen, bis datt se hei sinn. Ëmmerhin ginn et haut eng Rei Schlässer opzespären a sou musse mir waarden. Wärenddeem kann een alt d’Zelt fir iwwert den Iessstand opriichten oder alt d’Frigoe mam Gedrénks fëllen. Beim Gedrénks huet ee besser op zwou Saachen opzepassen: Op alles muss e Pfandsticker drop. Déi Päck, déi nach iwwreg sinn an nach net opgerappt goufen, kënnen dem Depositaire duerno nees zréckgi ginn. Et ass scho mol virkomm, datt een Iwwermotivéierten am Ufank alles opgerappt a prett dohinner gestallt huet – en hat et jo just gutt gemengt gehat…

Déi vum Stand niewendru kommen och alt mol froen, wéi dat mat de Bänken ass. Si bräichten och nach e Waasseruschloss. Deen hu mir zwar, mee et feelt eis e Verbindungsstéck – et gëtt also fläisseg telefonéiert a schlussendlech bréngt dann nach ee sou eent mat. Elo ginn ech dann och nach drop higewisen, datt mäin Auto net do um Glacis stoe bleiwen dierf. Just Gefierer, déi op der Plaz gebraucht ginn, dierfe stoe bleiwen, wéi eise Killwon zum Beispill. Well awer leider keng Parkplaz fräi ass, fueren ech kuerzerhand Heem a komme mam Bus erëm. Bei mengem Retour ginn ech dann awer nach bei de Stand, wou et esou lecker no Wäffelcher a Paangecher richt. An et sollt och net laang daueren, bis datt déi sympathesch Equipe vum Hondssportveräin Neiduerf mech an hire Krees opgeholl huet a mer kuerz matenee gegeckst hunn.

ING Marathon

Eng sympathesch Equipe – dat ass den Neiduerfer Hondssportveräin allemol. Nieft Wäffelcher, Paangecher a Glace sinn et och nach Fritten a Gegrills bei hinne ginn. © Melvin Hatto/moien.lu

16:00

Blöderweis ass de Kabel vun eiser Museksanlag futti, ma ee Gléck, datt nieft eis fir gutt Stëmmung gesuergt ass. Am groussen “Zirkuszelt” niewendru sinn et d’Majoretten oder awer och d’Péitenger Zumbachicas, déi bei bal gliddegen Temperaturen alles ginn an de Leit eng Show bidden.

An da wier do nach de Lëtzebuerger DJ Packo Gualandris, deen de ganze Glacis mat senger eenzegaarteger Mëschung aus Progressive House an Techno um Wibbelen hält. De gebiertege Minetter huet et souwuel 2016 wéi och 2017 an d’Top 3 vun de beschten elektroneschen DJe bei de Luxembourg Nightlife Awards gepackt. Do dernieft ass hien och scho mol méi wäit op Tour gaangen, wéi beispillsweis a Russland oder an der Tschechescher Republik. Et sollt ee sech op dësem Dag nach méi dacks gesinn. Ëmmerhin mécht déi Afenhëtzt hannert dem DJ-Pult duuschtereg an ech sëtzen direkt un der Quell.

Eis Noperen am Zirkuszelt hunn et dann awer och nach wuertwiertlech gutt rulle gelooss. D’Vereenegung Back to Sport huet sech zanter 2016 zum Zil gesat, Leit mat reduzéierter Mobilitéit bei sportlechen Evenementer ze ënnerstëtzen. Dobäi ass et hir wichteg, inklusiv ze handelen. Soumat konnt du jiddereen op Rieder beim klenge Parcours Roll & Run matmaachen – ob elo am Rollstull, um Skateboard, op der Trottinett, mat der Poussette oder an der Schubkar.

ING Marathon

De Packo Gualandris – senges Zeechens DJ a Museksproduzent – suergt och um ING Marathon fir gutt Musek. © Melvin Hatto/moien.lu

Kuerz viru 17:00

Et si schonn eng Rei Leit bei eise Stand komm fir eppes ze drénken, ma leider ass et nach keng 17:00 Auer – dat ass déi offiziell Startzäit, ab där mir eigentlech verkafen dierfen. E bësse blöd, well een d’Leit jo net wëll erdiischtere loossen. Ma Reegele sinn nu mol Reegelen.

A wa mer grad bei de Reegele sinn: Et schéngt mer wéi wann d’Hygièneskontroll dës Kéier net laanschtkomm ass. Vläicht sinn se awer och kontrolléiere komm, wärend ech nach bei de Kollege vum Hondssportveräin war… Oder d’Vertrauen an eis ass no deene gudden Hygiènesrapporten einfach grouss. Ob etikettéiert Liewensmëttel fachgerecht an eisem Killwon lageren oder ob mir eng Poubelle hunn, déi ee mam Fouss opmaache kann – mir hunn un alles geduecht, wat och an der Informatiounsversammlung de Veräinsvertrieder matgedeelt ginn ass an och esou am Dossier steet.

17:00

Et geet lass mam Verkaf! Gutt, datt ech mir nach séier eng Tabell mat de Präisser gemaach hunn, esou wäert ech mäi Kapp mam Rechnen hoffentlech net ze vill iwwerfuerderen. Schliisslech ass et net ëmmer einfach, well een oft nach ënner Stress steet (et wëll een d’Leit jo net gären allze laang waarde loossen) an och nach e Pfandsystem d’Gerechens net méi einfach mécht. Wann dann och nach gefillten 20 Saache mat ënnerschiddleche Präisser zum Verkaf stinn, niewebäi en neit Faass muss ugeschloss ginn, zäitgläich awer grad net genuch 1-Euro-Stécker an der Keess sinn an nach Gedrénks nogefëllt muss ginn, da kann ee mol gären an d’Schweesse geroden. Och ech hunn nëmmen zwou Hänn. Hätt ech der méi, wier ech wahrscheinlech am Zirkus – an net hei.

ING Marathon

D’Häerz an d’Séil vum Stand: Ouni dës zwee Borschte wier beim Stand vum Lacrosse näischt gelaf! © Melvin Hatto/moien.lu

Trotz all den Ustrengungen ass et eng Aarbecht, déi Spaass mécht. Doduerch, datt een déi aner Leit och voll am Asaz gesäit, kritt een ëmmer op en Neits e Motivatiounsschub. Natierlech gëtt niewebäi och nach gutt zesumme gelaacht an eng Schlippche gedronk. Vum Marathon selwer kritt een dësen Owend net vill mat. Dat ass och net weiderhi schlëmm a mëttlerweil sinn ech frou doriwwer, de Mueren Turnschlappen ugedoen ze hunn – lafen ech dach haut an der Gedrénksbud mäin eegene Marathon.

Ech ginn alt nees e Pak Waasser an eise Killwon sichen. Verständlech, datt ugesiichts dëse waarmen Temperaturen et dat Gedrénks ass, wat – nieft dem Béier – am meeschte gefrot ass. Ech rappen also déi säitlech Dier vun eiser Camionnette op a gräife mer ee Pak. Dobäi gesinn ech, datt en Här a Police-Uniform déi hënnescht Dier vun eisem Won opgemaach huet an eppes wullt. Hie kuckt mech liicht genéiert an hält dann op. Ech duecht mer just, datt et entweder e Kontroller vun der Hygiène ass (déi normalerweis an Zivil ënnerwee sinn) oder ieren en Onéierlechen, dee sech als Här Polizist ausgëtt. Am Endeffekt sinn ech dunn awer gewuer ginn, datt d’Policepatrull, déi op der Strooss niewendrun am Asaz war, just hir Lunchboxe bei eis gelagert huet a virdrun ee vun eis léif gefrot hat.

22:30

Schonn esou spéit? An et ass och nach Champions League Finall. Géif mech nawell interesséieren, wéi et steet… Vläicht ginn ech bis kuerz bei de Stand vun der Croix Rouge eriwwer luussen. Déi waren esou schlau, sech eng Tëlee an eng Satellitteschossel matzebréngen.

Lues a lues denkt een awer och un d’Apaken, eventuell packe mer et souguer, viru Mëtternuecht domat unzefänken. Och do kann ee sech nach prächteg ameséieren, ma iergendwann musse mir awer och déi lescht Krunnemécke lassginn an de Krunn zoudréien. Eis Grillmeeschter maachen nach hire Grill of an den nach bal gliddegen Ueleg vun de Friteuse gëtt och fachgerecht an de gielen Eemer geschott. Geschwënn misst dann och nach den Depositaire hei sinn fir dat Gedrénks nees matzehuelen, wat mir net verkaf hunn (dëst Joer hat da glécklecherweis keen alles opgerappt).

ING Marathon

Wann een iwwer 16 Stonnen op de Been ass, dierf ee sech och mol e Béierche gënnen. © Melvin Hatto/moien.lu

01:00

D’Camionnette ass gelueden, elo heescht et fir den haarde Kär nach, dës ausraumen ze goen. Den Dag drop steet dann de Feinschliff un (Friteusen an de Grill grëndlech botzen, de Rescht Material op seng Plaz zeréckstellen).

02:30

No enger gudder Dusch kann ee sech dann endlech an d’Bett tässelen a mol ofschalten. Midd – awer zefridden – géif ech mäin Zoustand grad beschreiwen.

An deem Sënn, gutt Nuecht!

Opmaacherfoto: Déi orange Sphinx waacht iwwer d’Marathonleefer. © Melvin Hatto/moien.lu

Related topics Erliefnisbericht, ING, ING Marathon, Marathon
Next post Previous post