Search

You may also like

Editorial: Literaresch Rebellioun
Neiegkeeten

Editorial: Literaresch Rebellioun

Si souzen deels um Bueden. Hu virgelies an de Publikum

Sea-Watch: 3 Froen un d’Vanessa vun der Loftopklärung
Neiegkeeten

Sea-Watch: 3 Froen un d’Vanessa vun der Loftopklärung

Nodeems d’Vanessa déi lescht 8 Joer an Nepal gelieft huet,

What the Fact – Verëffentlechung vum J.R.R. Tolkien sengem „Hobbit“ haut virun 81 Joer
Neiegkeeten

What the Fact – Verëffentlechung vum J.R.R. Tolkien sengem „Hobbit“ haut virun 81 Joer

Kaum ze gleewen, mee dem John Ronald Reuel Tolkien säi

Erneierung vun der Strooss an der Rue Caroline Baldauff-Rothermel, Herbert Schaefer a Benjamin Franklin (03.-04.09.2020)

Erneierung vun der Strooss an der Rue Caroline Baldauff-Rothermel, Herbert Schaefer a Benjamin Franklin (03.-04.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt d’Stroosse vun der Rue Caroline Baldauff-Rothermel, Herbert Schaefer a Benjamin Franklin nei gemaach ginn. D’Aarbechten dauere vun Donneschdes, den 3. September 2020 géint 7:00 Auer bis Freides, de 4. September 2020 géint 20:00 Auer.

Duerch de Chantier si folgend Ännerungen am Verkéier virgesinn:

  • Vun Donneschdes, den 3. September 2020 géint 7:00 Auer bis Freides, de 4. September 2020 géint 20:00 Auer: Spärung vun der Rue Caroline Baldauff-Rothermel, Herbert Schaefer a Marie de Zorn;
  • Vun Donneschdes, den 3. September 2020 géint 7:00 Auer bis Freides, de 4. September 2020 géint 12:00 Auer: Spärung vun der Rue Christophe Colomb tëscht der Rue Benjamin Franklin an der Rue Aristide Briand;
  • Freides, de 4. September 2020 géint vu 6:00 bis 12:00 Auer: Spärung vun der Rue Benjamin Franklin tëscht der Rue Georges Clemenceau an der Rue Franz Liszt.

Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm déi adequat Beschëlderung. D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmelechkeeten.

Related topics Aarbechten, Chantier, Erneierung, Rue Benjamin Franklin, Rue Caroline Baldauff-Rothermel, Rue Herbert Schaefer, Stad Lëtzebuerg, Stross
Next post Previous post