Search

You may also like

USA-Mexiko: Douanestaxe suerge fir Gejéimers
Kultur Neiegkeeten

USA-Mexiko: Douanestaxe suerge fir Gejéimers

Den US-President hat et déi Woch ugekënnegt: entweder Mexiko fënnt

corona.letzshop.lu: Déi nei Online-Verkafsplattform fir vulnerabel Persounen
Kultur Neiegkeeten

corona.letzshop.lu: Déi nei Online-Verkafsplattform fir vulnerabel Persounen

Um haitegen Dag lancéieren de Minister fir Mëttelstand Lex Delles

Den ëffentlechen Transport huet eng nei Verwaltung
Kultur Neiegkeeten

Den ëffentlechen Transport huet eng nei Verwaltung

Um 1. Mäerz 2021 huet déi nei Verwaltung vum ëffentlechen

Den Ernest an d’Célestine feiere 40 Joer

Den Ernest an d’Célestine feiere 40 Joer

D’Geschicht vum grousse Bier an der klenger Maus huet eng Begeeschterungswell ausgeléist, wéi de Film 2012 erauskomm ass. Zemools zu Lëtzebuerg. Ma d’Geschicht geet vill méi wäit zeréck.

Mir erënneren eis un de Film, mee net onbedéngt un säin Ursprong. Den Ernest an d’Célestine sinn aus der Fantasie vum Gabrielle Vincent entstanen. D’Autorin vu Bréissel huet d’Personnagen Ufank vun den 80er Joren zum Liewen erwächt. D’Molerin an Aquarellistin Monique Martin (sou ass hire richtegen Numm), huet de grousse Bier an déi kleng Maus an engem éischte Wierk mam Titel “Ernest et Célestine ont perdu Siméon” erausbruecht.

D’Kënschtlerin, déi am Joer 2000 verstuerwen ass, hannerléisst e gudde Koup Aarbecht. Zemools de Benjamin Renner, de Stéphane Aubier an de Vincent Patar, de vu Les Bulles (Chiny), net wäit vun der lëtzebuergescher Grenz kënnt, suergen dofir, datt déi zwee sympathesch Personnagen hier Plaz um Ecran fannen.

Dat ass déi éischt Verbindung zu Lëtzebuerg. Déi zweet betrëfft d‘Zeenen, déi am Studio 352 a Lëtzebuerg erstallt goufen. Des weidere gouf de Film vun der Firma Mélusine koproduzéiert.

40 Joer no der Gebuert vun den zwee Helde verëffentlecht d’Editions Casterman en Album an en Aktivitéitebuch, wat sech op déi zwee besonnesch Charaktere konzentréiert. Weider Pläng wäerten dëse Gebuertsdag markéieren.

Et sinn Ausstellungen, Enn vun dësem Joer an der Kapell vu Boondael zu Ixelles, an der Bréisseler Regioun geplangt. Och Aktivitéite wou d’Gabrielle Vincent 40 Joer laang gelieft huet, wäerte stattfannen an eng Fresko wäert am Joer 2022 erschéngen.

An der Tëschenzäit kann een d’Geleeënheet notzen an nach eemol an d’Geschicht vum Ernest an dem Célestine dauchen. Et ass e Film deen net al gëtt.

Illustratioun: © Editions Casterman

Related topics Bande Dessinée, Ernest a Célestine, Film, Les Bulles, Mélusine Films, Monique Martin
Next post Previous post