Search

You may also like

Blummewise fir den urbane Raum: Projet zur ekologescher Opwäertung vu Gréngflächen
Fail Neiegkeeten

Blummewise fir den urbane Raum: Projet zur ekologescher Opwäertung vu Gréngflächen

De Weltbiodiversitéitsrot huet a sengem Bericht vum Mee 2019 festgehalen,

Konscht am Gronn – Dëse Sonndeg nach eppes méi extravagant
Fail Neiegkeeten

Konscht am Gronn – Dëse Sonndeg nach eppes méi extravagant

E Sonndeg de 4. August stellt sech d‘Stad Lëtzebuerg ganz

Wat gëtt et Neies bei Sea-Watch?
Fail Neiegkeeten

Wat gëtt et Neies bei Sea-Watch?

Et ass Ouschteren, awer leider net fir jiddwereen. Um Ouschterweekend

dislike

Neien Erpressungsvirus mécht d’Ronn

E Cyber-Ugrëff suergt fir Onrou

Neien Erpressungsvirus mécht d’Ronn

Déi nei Well u Cyber-Ugrëff vum Dënschdeg notzt ee „Lach“ vun der Windows-Software fir déi Microsoft en Update erausginn hat. Fir d’Spezialiste vun der Cyber-Sécherheet soll den Ugrëff et vir d’éischt op d’Ukrain ofgesinn hunn.

Laut den Analyse vu Microsoft „notzt d’Erpresser-Software ënnerschiddlech Technike fir sech auszebreeden. Dorënner och een Sécherheets-Update fir all Systemer – vu Windows-XP bis Windows 10 – ënnert der Bezeechnung MS17-10, sou ee Spriecher vum Gruppe.

Erënnerunge kommen op

Wéi am Mee de Virus WannaCry fir Opreegung gesuergt hat, hat Microsoft seng Clienten opgefuerdert den Update ze installéieren. Dat besote „Lach“ an d’Méiglechkeet et auszenotze war am Virfeld duerch piratéiert Dokumenter vun der NSA verrode ginn.

De Spriecher vu Microsoft verséchert, datt „d’Enquête weider lafen an déi néideg Mesurë getraff gi fir d’Clienten ze schützen“. E rifft awer och d’Benotzer op virsiichteg ze sinn. Ee Rot de sech besonnesch op d’Erhale vun e-Mails mat onbekanntem Unhang bezitt. Hei soll sech d’Erpresser-Software verstoppen, déi d’Brigangen notze fir hiert Zil ze erreechen.

Verschidde Cyber-Sécherheetsfirmen an Editeure vun Anti-Virus Software ginn dovunner aus, datt dee neie Virus dëse Wee d’Systemer infizéiert. Cisco Talos wëll dann och schonn eng Piste hunn wéi sech de Virus installéiert. D’Firma hält et fir méiglech, datt de Virus mat engem Update vun enger Comptabilitéit-Software, déi an der Ukrain ënnert der Bezeechnung MeDoc benotzt gëtt, am Zesummenhang steet.

D’Well vu Cyber-Ugrëff huet sech um Dënschdeg ugekënnegt an schnell op europäesch- an US-Entreprisen ausgebreet, nodeems se schonn an der Ukrain an a Russland zougeschloen hat. Den Informatiounen no vu Firmen déi betraff sinn, gëtt am Fall vun engem erfollegräichen Ugrëff ee Léisegeld an héicht vun 300 Dollar a virtueller Wärung, um Bildschierm gefuerdert.

mat AFP

Related topics Cyber Cyber, Cybercrime, Cybersecurity
Next post Previous post