Bettel/Medvedev: Den Dialog vun der Frëndschaft
Et war den éischte Besuch vun engem russesche Premier zu
Et war den éischte Besuch vun engem russesche Premier zu
Um 6. Dezember 1912 ass an der mëttelegyptescher Stad Amarna
Et gëtt Saachen déi eiseree fir dat normaalst vun der Welt hält, awer op anere Plazen an der Welt iwwer 200 Joer brauche bis se erkannt ginn. E Méindeg war deem esou an Australien, wou den ieweschte Geriichtshaff (endlech) d‘Rechter vun den Urawunner gestäerkt an entscheet huet, datt egal wou si gebuer wieren, hinnen e besonnesche Status zougestane muss ginn…
Datt et iwwerhaapt zu dësem Uerteel komme konnt, ass engem Prozess zouzeschreiwen, deen zu Canberra verhandelt ginn ass. Méi prezis ass en ëm zwee Fäll gaangen, bei deenen zwee veruerteelt Brigangen – déi fir deen een a Papua Nei Guinea a fir deen aneren an Neiséiland gebuer sinn – a sollten ausgewise ginn. Béid hunn en australeschen Elterendeel a bezeechnen sech als Aborigines.
E gewiichtege Grond deen den ieweschte Geriichtshaff berécksiichtegt huet. Et gouf statuéiert datt Urawunner net méi dierfen als „Friemer“ agestuuft ginn. Dat ass ee wichtege Prezedenzfall an deen dierft an d‘Geschichtsbicher agoen. Et stäerkt d‘Rechter vun den Urawunner a kann en éischte Schratt zu méi Gläichberechtegung an Unerkennung sinn, wat hinnen nach ëmmer verwiert bleift.
Mat dësem Uerteel sinn d‘Aborigines awer elo emol vum Immigratiounsrecht ausgeholl, och wann et heescht, datt d‘Uerteel vum ieweschte Geriichtshaff net alles verréit. Dozou muss ee wëssen, datt d‘Uerteel mat véier zu dräi Stëmmen zimlech knapp ausgefall ass, an fir deen a Papua Nei Guinea gebuerene Brigang, muss elo gepréift ginn, ob seng Gemeng hien als „Aborigine“ akzeptéiert.
Wichteg ass allerdéngs hei d‘Erkenntnis, datt d‘Urawunner – laut der Wëssenschaft liewen déi schonn iwwer 60.000 Joer um Kontinent deen sech d‘Briten 1788 averleift an Australien gedeeft hunn – de facto Australier sinn. Datt Australien scho virun de Kolonialhäre bewunnt war, hat déi australesch Justiz 1992 eng éischte Kéier unerkannt. Besser ass et hinnen dofir net ergaangen…
mat indymedia/syd
Foto: Datt Australien virun allem emol den Urawunner hir Heemecht ass, dat ass eng Erkenntnis déi zimmlech spéit kënnt. Marc Roy (hei eng Foto vum Kënschtler Glen Namundja – CC BY 2.0)