Search

You may also like

Free/Libre Open Source Software – E Stéck digital Fräiheet
Kultur Neiegkeeten

Free/Libre Open Source Software – E Stéck digital Fräiheet

Open Source Software – ee Begrëff, den net vill Léit

D’Sechswochemass zu Éieren vu S.A.R. dem Groussherzog Jean
Kultur Neiegkeeten

D’Sechswochemass zu Éieren vu S.A.R. dem Groussherzog Jean

Vergaangene Samschdeg, den 8. Juni 2019 huet d’Sechswochemass fir de

Juncker: Ons Zukunft ass digital
Kultur Neiegkeeten

Juncker: Ons Zukunft ass digital

Malta huet den „Zepter“ vun der EU-Presidence un Estland weidergereecht.

Escape-Room doheem? Geet och!

Häerzlech wëllkomm am Grand Hotel!

Escape-Room doheem? Geet och!

Ech wollt schonn ëmmer an een Escape-Room, ma meng éischte Kéier war net esou ewéi ech mir dat virgestallt hunn. Et ass schonn e bëssen ironesch, dass mir d’Spill doheem wärend dem Confinement gespillt hunn – well dorausser gëtt et keen Entkommen. Witzegerweis huet dat éischt Rätsel mat der Këscht ugefaangen, ech Noss hat net gesinn, dass op all Säit e klengt Stéck Scotch ugepecht war.

Nodeems se endlech op war, huet d’Famill sech gemitterlech un den Dësch gesat, fir 90 Minutte ware mir elegant Gäscht (am Jogging) am Grand Hotel, ma d’Besëtzer hunn sech nawell verdächteg verhalen. Firwat? Hunn si eppes ze verstoppen? En däischtert Geheimnis? Wat ass an där ominéiser Hochzäitssuite? Bon, Zäit fir den Aperitif, d’Besëtzerin huet bestëmmt eng gutt Erklärung. Oder? Net!

Escape-Room

© Jessica Mersch/bichergeck

Mir goufe sedéiert a sinn am Wäikeller nees zou eis komm. All Enveloppe war en anert Zëmmer aus deem mer den Auswee hu misse fannen, wa mir net weider wosste konnte mer op en Hiweis zeréckgräifen. Ma et war net einfach, ech muss zouginn, dass mir net all Rätsel geléist kruten, mir hunn e bësse gefuddelt fir weiderzekommen. Soss wäre mir ni fäerdeg ginn! Mä mir haten eise Spaass an hunn gutt als Team zesummegeschafft. D’Geschicht ass spannend opgebaut, ech de Spillleeder koum an de Genoss se z’erzielen.

Escape-Room

© Jessica Mersch/bichergeck

Dat wat net ganz einfach, ech hunn d’Sätz wärend dem schwätzen an d’Lëtzebuergescht iwwersat. Ech gouf nervös a si gutt un d’Schweesse komm – fir mir ze hëllefen hunn ech eng Übung agebaut. All Enveloppe ass vun engem anere Spiller virgelies ginn – d’Hemmung virun engem aneren ze schwätzen ass fir jidderee manner ginn. Et war méi ofwiesslungsräich!

Elo wou ech weess, dass Rätsel léisen net zu menge Stäerke gehéiert, iwwerleeën ech mir d’Saach mam Escape-Room nach eemol.

De moses Verlag huet vill där Spiller, gitt mol luussen – villäicht ass och fir Iech eppes dobäi!

 

Related topics Confinement, Coronavirus, Escape-Room, Grand Hotel, moses Verlag, Spill, Wäikeller
Next post Previous post