Esch 2022 feiert d’Gemeng vum Mount

Vum 22. Mäerz bis den 21. Abrëll gëtt am Kader vun Esch 2022 ee spezielle Mount gefeiert.

Dës Kéier ass Péiteng, déi fënneftgréisst Gemeng vu Lëtzebuerg mat sengen 20.406 Awunner um Tuer. Esou soll déi kulturell Villfalt gefeiert ginn.

« Ech freeë mech, datt déi europäesch Kavalkad zu Péiteng een Deel vun der Europäescher Kulturhaaptstad ass. Duerch d’Engagement vun der Gemeng a mat der Hëllef vu ville begaabte Kënschtler a Begeeschterter, déi op fräiwëlleger Basis Mënschen aus Europa zesummebréngen, ginn ënnerschiddlech Generatioune matenee verbonnen. D’Kavalkad zu Péiteng steet duerch Danz, Gesang, Musek an Traditiounen aus ganz Europa fir Inclusioun an oppenen Austausch », sot d’Nancy Braun, Generaldirektesch vun Esch 2022.

D’Gemeng ass scho laang fir hier Kavalkad bekannt. D’Veranstaltung, déi zanter 1955 stattfënnt, bereet sech elo op d’Erausfuerderung Esch 2022 vir.

Dës 65. Kavalkad wäert Bevëlkerungsgruppen europawäit vereenen. Nieft de Ween, wäerten och ënnerschiddlech Gäscht aus der Karnevalskultur fir Ënnerhalung suergen. D’Kavalkad fënnt de 27. Mäerz um 14:11 Auer op der Plaz « WAX » statt. D’Streck vu 6 Kilometer suergt net nëmme fir midd Been, ma och fir Ënnerhalung. 

Donneschdes, de 24. Mäerz kommen d’Kanner op hier Käschten. Nomëttes fënnt ee Kannerbal statt, dee vun de Maison Relaisen organiséiert gëtt. D’Kanner wäerte Masken a Verkleedungen ënnert dem Motto « Venedeg » kreéieren a bei engem Mini-Ëmzuch am Théophile Kirsch Park matmarschéieren. D’Festzelt ass op der J. F. Kennedy Plaz.

Och zwee Concerte suerge fir gutt Stëmmung. Freides, de 25. Mäerz seet déi portugisesch Band « Némanus » an déi lëtzebuergesch Band « Schëppe Siwen » op der Bün. Samschdes, de 26. Mäerz trieden den « Käpt’n’Ända » an déi däitsch « Dompiraten » op.

Weider Informatioune sinn hei ze fannen.

Dernières nouvelles