Search

You may also like

CGDIS: Feier op der Place Guillaume II!
Neiegkeeten

CGDIS: Feier op der Place Guillaume II!

Wéi de CGDIS matdeelt sinn de Mëtteg um 16:20 Auer

Fënnef Parteie fir de Super Mario
Neiegkeeten

Fënnef Parteie fir de Super Mario

An Italien kommen se gutt virun. Wuel ass d‘Regierungskris nach

Den Abrigado weist dat anert Gesiicht vu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Den Abrigado weist dat anert Gesiicht vu Lëtzebuerg

Wäit fort vun de blénkege Gebaier vum Kierchbierg an de

Esch ass spendabel wëll et Hëlleft!

Esch ass spendabel wëll et Hëlleft!

Et geet dem Horesca-Secteur net gutt, an et ass kloer datt Esch-Uelzecht keng Ausnam duerstellt. Et kann een awer elo och net d‘Hänn an de Schouss leeën an op besser Zäiten hoffen. Wann et wuel richteg ass, datt eng Gemeng als éischt fir d‘Sécherheet an d‘Gesondheet vu seng Bierger muss an der aktueller Situatioun berécksiichtegen, esou gëtt si sech domadder net zefridden.

Wéi wichteg den Horesca-Secteur fir dat ganzt Land muss ee wuel net nach emol ervirhiewen. An esou dierft et jidderengem aliichten, an dat och dee klengste Gest seng Importenz huet. Mir als Bierger, hëllefe jo mat reegelméissege Bestellungen, egal op et fir d‘Mëttegiessen op der Schaff, oder beim Heemkino owes mat der Famill ass. Esou ass ee solidaresch a lecker ass et och nach.

Mee och eis Gemenge sinn net ontäteg, an d‘Stad Esch beweist, datt d‘Solidaritéit op allen Niveaue muss spillen. Zanter Mëtt Februar huet et jo op Esch-Belval en Impfzenter. Hei schaffen all Dag eng 50 Leit, an déi – esou gëtt et behaapt – hu wéi all anere Mënsch an der Mëttegstonn Honger. Just en dréchent Bréitchen oder eng „plastiks“ Zalot aus dem Supermarché, soll net den Alldag sinn.

Wie schafft soll eppes tëscht Zänn kréien, eppes wat gesond ass a schmaacht, firwat bis heihinner d‘Käch aus de Maison Relais de Leit aus dem Impfzenter all Dag ee vollwäertegt Mëttegiessen ugebueden hunn. Eigentlech ee gudde Gedanken, deen awer leider dem geschwächten Horesca-Secteur net hëlleft. Deen awer soll gestäipt ginn, firwat déi Escher sech eppes afale gelooss hunn.

Ici c‘est Esch

Fir senge Restaurateuren ënnert d‘Äerm ze gräifen, hat d‘Gemeng am Februar en Appell un de Secteur geriicht. Déi Escher Restauratiounsbetriber sollte kooperéieren, an dofir Suerg droen d‘Mëttegiesse fir d‘Mataarbechter vum Impfzenter ze preparéieren. Dat ass wuel nëmmen eng Drëps op ee gliddege Steen, mee et dierf een d‘Symbolkraaft vun dëser Decisioun net verklären.

Ronn 280 Betriber hunn sech op den Appell gemellt, an esou ka schonn ab ee Méindeg mam Projet ugefaange ginn. Kee soll ausgeschloss ginn: vum butzegste Snack iwwert d‘Food Trucks bis hin zu de renomméierten Haiser aus der Minettemetropol, wiem et méiglech ass, sech un d‘Oplagen – jo déi muss et wuel och hunn – ze halen, dierf seng Kachkonscht beweisen. Dat ass eng gutt Saach.

Wat d‘Iwwernam vun de Käschte betrëfft – d‘Restaurateure brauchen d‘Geld jo elo – esou huet d‘Stad Esch decidéiert dës integral virzestrecken. Et wollt een net am Virfeld grouss Verhandlunge mat der Regierung betreffend eng Participatioun un dëse Käschte féieren, well et sollt virugoen. Et wäert awer eng Onkäschtebedeelegung ginn, woubäi et elo emol drëms geet de Projet ze lancéieren.

Flott an eigentlech dee eenzeg richtege Wee: et gouf sech hei keng Limitte fir de Präis pro Iesse gesat. Ob et sech ëm ee „präiswäerte“ Snack oder ee „Stäre-Menü“ handelt, dat eenzegt wat vun de Restaurateure verlaangt ass (nieft gewëssen Oplagen), d‘Féiss um Buedem ze behalen a sech net de Batti ze stellen. Hei geet et an éischter Linn drëms, dat Nëtzlecht mam Agreabelen ze verbannen.

Illustratioun: Ofwiesslungsräich soll et sinn, a gesond och. Déi sanitär Reegele muss agehalen an d‘Platen individuell verpaakt ginn, d‘Verpakung vum „waarmen“ Iesse muss Mikrowell-kompatibel sinn, zur Offer musse vegetaresch Plate gehéieren, selbstverständlech mussen och d‘Allergenen hei genannt ginn. © Travis Yewell / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Esch-Uelzecht, Horesca-Secteur, Impfzenter, Solidaritéit, Zesummenhalt
Next post Previous post